Radioen

On air

Concert  |  "Man ist dem Publikum sehr nah"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Norbert Haupert: Sportler, Sportsfonctionnaire a Politiker

Sot emol

Norbert Haupert: Sportler, Sportsfonctionnaire a Politiker

Den Norbert Haupert ass een Numm, deen een hei zu Lëtzebuerg duerch de Sport an duerch Politik kennt. Hie war selwer aktive Liichtathlet an ass virun allem op de Mëttelstrecke gelaf. No senger aktiver Karriär ass hien dem Sport erhale bliwwen als President vun der Liichtathletikfederatioun a spéider als President vum olympesche Comité, dem COSL.

auto_stories

4 min

headphones

47 min

play_arrow
Foto: Jean-Claude Majerus

Lauschterenplay_arrow

Domadder ass et awer nach net duergaangen. Den Norbert Haupert huet sech och politesch engagéiert a war als Deputéierte fir d'CSV 14 Joer laang Member vun der Chamber. An ee politeschen Héichpunkt war ouni Zweifel seng Missioun als Budgetsrapporter am Joer 2009.

Olympesch Spiller Roum 1960

Den Norbert Haupert hat grad emol 20 Joer wou hie bei den olympesche Spiller zu Roum mat derbäi war. Et war e grousst Erliefnes, och wann ee mat 20 Joer sech der Envergure vun olympesche Spiller nach net esou bewosst ass.  

Den Norbert Haupert ass d’Serië vun den 800 Meter gelaf a gouf a sengem Laf Drëtten, mee et sinn der nëmmen Zwee weider komm.

“Dat ware ganz bescheiden Zäite vis-à-vis vun deem, wat ech e puer Joer dono gelaf sinn. Et war den Debut vu menger internationaler Karriär,. Ech si praktesch esou era geschleist ginn. Deet mir net leet an ech hätt besonnesch kënne fir Tokio do Erfarunge sammelen.”

62 Sportler an der Delegatioun zu Roum

57 Männer a 5 Fraen hunn d’Faarwe vu Lëtzebuerg bei den Olympesch Spiller zu Roum vertrueden. Dat war eng riseg Delegatioun, wéi den Norbert Haupert seet, an déi ass zustane komm, well déi eenzel Federatiounen dem olympesche Comité Propose gemaach hunn. Mee dat huet sech no Roum awer geännert.

“No den olympesch Spiller 1960 ass dann déi Table Ronde vum Sport gemaach ginn, wou Iwwerleeungen op d’Tapéit komm sinn, wou besonnesch de Josy Barthel an de Gérard Rasquin derbäi ware fir ze kucken, wat kënne mir maachen, datt mir op déi olympesch Spiller gi mat Leit, déi awer den Niveau hu fir kënne matzehalen. An dat huet mat sech bruecht, datt déi Delegatiounen dono reduzéiert waren.”

Tokio 1964 awer ouni de Norbert Haupert

Den Norbert Haupert war schonn esou gutt wéi qualifizéiert fir d’Olympesch Spiller zu Tokio a besonnesch hat hie sech och um internationale Plang sportlech weider entwéckelt mat nawell enger ganzer Partie Resultater, déi sech weise konnten.

Hien huet trotz dem Schlussexamen op der Uni ferm trainéiert, mee et soll anescht kommen, well eng Ermiddungsbroch am Fouss dem Norbert Haupert e Stréch duerch Rechnung gemaach.

Hie sollt nach just eng Course zu Hannover lafe fir de Niveau ze confirméieren.

“Ech sinn an der Woch vu Louvain erof komm fir hei heem ze trainéieren. An nom Training, deen ech nach gemaach hunn, hat ech därmoosse wéi am Fouss, besonnesch wann ech fest drop getrëppelt sinn. An do sinn ech bei den Dokter gaangen an si hunn en Ermiddungsbroch festgestallt. Do hunn ech zwee Méint Training verluer, an do hat et kee Sënn fir nach ze soen, ech gi mat op Tokio.”

De perséinlechen Highlight: Belgrad 1962

Dem Norbert Haupert seng schéinste sportlech Erënnerung ass awer d’Europameeschterschaft 1962 zu Belgrad, wou hien seng Serie op den 800 Meter gewanne konnt. Well hie war am Fong vun den 30 Leefer, déi ageschriwwe waren, deen - loosse mir soen - mannste Gudden.  Et war och déi Zäit wou ugefaange ginn ass, bei den 800 Meter déi éischt 100 Meter an de Couloiren ze lafen, sou datt just 6 Leefer un den Depart konnte goen.

“An ech hunn déi aner gekuckt, déi mat gelaf sinn, an do si mir den éischten Tour si mir a 60 Sekonnen duerch gelaf. Ech hu geduecht, wat gëtt dat hei, elo gëss du hei eliminéiert mat enger Zéit vun 1’55’’ oder 1’56’’, an da gees du heem an du bass terribel enttäuscht.”

D’Been an de Grapp geholl

300 Meter virun der Arrivée ass den Norbert Haupert vun hannen eraus gelaf an huet e Sprint ugezunn. Hien huet am richtege Sënn vum Wuert d’Been an de Grapp geholl.

“Ech hunn ëmmer gekuckt no lénks a riets. Et ass kee méi laanscht komm, sou datt ech meng Serie gewonnen hat. Ech hat si iwwerrascht, an ech sinn déi lescht 300 Meter an enger agreabeler Zäit gelaf, sou datt et och schwéier war, mech erëm ze kréien.”

Et huet fir Sport op deem Niveau ze maache vill Engagement, Wëllen an Disziplin gebraucht. Dat war esou an ass och nach haut bei Sportler esou. Den Norbert Haupert ass och haut nach ëmmer sportlech aktiv, an zwar spillt hie Golf.

Politik a Gesellschaft
Sport