Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Raymond Conzemius: De Sport ass de roude Fuedem

Sot emol

Raymond Conzemius: De Sport ass de roude Fuedem

Mat 2,22 Meter, déi de Raymond Conzemius 1995 zu Diddeleng gesprongen ass, huet de fréiere Liichtathlet scho bal 30 Joer de Lëtzebuerger Rekord am Héichsprong. De Raymond Conzemius huet de Sport elo awer net nëmmen als Aktive gemaach, mee och berufflech, oder anescht gesot, de Sport zitt sech wéi e roude Fuedem duerch säi ganzt Liewen.

auto_stories

3 min

headphones

59 min

© Morgane Weidig play_arrow
De Raymond Conzemius huet säi ganzt Liewen dem Sport dediéiert.

De Raymond Conzemius ass nämlech vu Formatioun hir Sportsproff. Seng Etüden huet hien zu Louvain gemaach. Da war hien och Trainer, Nationaltrainer fir d’Sprongdisziplinnen.Tëscht 2012 an 2020 war hien Direkter vum Sportlycée an hien huet 2020 d’Successioun vum Heinz Thews als Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Comité olympique, iwwerholl.

En éischten Highlight: Paräis 2024

Als Directeur technique vum COSL war de Raymond Conzemius Chef de Mission vun der Lëtzebuerger Delegatioun bei den olympesche Spiller zu Paräis. Dat waren natierlech eng Onmass vun Andréck an Informatiounen, déi de fréiere Sportler mat erëm bruecht, an elo emol musse sortéiert ginn.

An de Raymond Conzemius huet och déi onheemlech positiv Atmosphär zu Paräis mat erlieft. Eng Stad, wou sech souzesoen d’Welt Rendez-vous ginn huet.

“Ech fannen dat ëmmer immens, wéi de Sport ka verbannen. Et seet een: 'Ok, e gigantescht Event. D’Olympesch Spiller: Muss et dat ginn?' Déi Stëmme ginn et ganz kloer. Mee op der anerer Säit muss ee soen, wann da fäerdeg bruecht gëtt, am olympeschen Duerf, do sinn och Natiounen, déi sech feindlech geseent sinn, déi liewen do zesummen, iessen zesummen. (...) Dat selwecht an der Stad: Déi multikulturell Vuen, dat ass schonn immens.”

No de Spiller ass virun de Spiller

Den COSL fänkt och elo scho lues un, un d’Preparatioune vun den nächsten olympesch Spiller 2028 zu Los Angeles ze denken. Déi Responsabel an eben och de Raymond Conzemius als Directeur technique mussen op d’Plaz kucke goen, wat fir Méiglechkeeten een huet, vum Logement a vum Training fir sech ze preparéieren.

Mee op der anerer Säit ass et awer och déi generell Entwécklung vun de Sportler. Do si jonk Talenter ënnerwee an do ass et dann d’Fro, wéi déi progresséieren, an déi verlaangten Normen erreechen oder och confirméiert Sportler.

“Do geet et ëm de Projet vun eenzele Sportler. Wéi kann ee méiglech vill Lëtzebuerger fit maache fir zu Los Angeles oder och doriwwer eraus zu Brisbane derbäi ze sinn. Et ass am Fong eppes, wou ee sech eng Strategie fir eng Rei Joren, 10 oder 15 Joren, misst kéinte ginn. An et hänkt och dorunner, wéi entwéckelt sech Lëtzebuerg gären am Sport.”

De Beruff vum Sportsproff ass e ganz wichtegen

Fir de Raymond Conzemius ass et beim Sportsproff eng aner Zort vu Schaffen, wéi bei deenen anere Fächer. Dat och, well een d’Kanner an déi Jonk aus enger anerer Perspektiv wéi an den anere Branchë gesäit. An dofir ass de Raymond Conzemius och der Meenung, datt nach méi Sport an d’Schoule muss kommen.

“Well mir einfach do eppes aneschters de Kanner bäibréngen, wat méi e Life-Skill ass. Et geet mir net ëm Leeschtungssport, mee einfach d’Kanner begleeden an hirer sportlecher a motorescher Entwécklung. Dat ass e ganz wichtege Punkt. An do soll een den Job als Enseignant schonn eescht huelen, an et muss een deementspriechend och preparéiert sinn. Et ass méi och een Ausernanersetze mat deene Jonken a se begeeschtere fir eppes.”

"Meng Passioun war Trainer"

De Raymond Conzemius huet säi ganzt Liewe schonn dem Sport dediéiert: Sportsproff, dann Direkter vum Sportlycée. Hien huet och Trainerschäiner gemaach. Hie war passionéierte Sportsproff, mee seng reell Passioun war awer den Trainer.

“Dann eben och mat Jonker déi Loscht hu sech ze entwéckelen, mee dozou ass et ni komm, datt ech dat berufflech gemaach hunn.”

Lauschterenplay_arrow