Och zu Lëtzebuerg ginn et vill Leit, déi vu Long Covid betraff sinn, erkläert de Charles Benoy, Psychotherapeut a Responsabele vum Service Long Covid an der Rehaklinik neuro-psychiatrique zu Ettelbréck, am 100,7-Interview.
De Virus ass ëmmer nach present
Zënter der éischter Stonn beschäftegt hie sech mat der Krankheet. De Charles Benoy ënnersträicht, datt et zu Lëtzebuerg vill méi Fäll ginn, wéi ee kéint mengen. “Fir déi Leit ass d’Pandemie nach net eriwwer”, esou de Psychotherapeut.
Och haut nach ginn et Leit, déi sech mat Covid infizéieren, an d’Long-Covid-Erkrankung entwéckelen. De Virus ass also ëmmer nach present, och wann en net méi eisen Alldag dominéiert, wéi dat wärend der Pandemie de Fall war.
Betraff si majoritär Frae mat Virerkrankung
Ronn 6 Prozent vun de Leit, déi sech mat Covid infizéiert hunn, haten nach ee Joer no der Infektioun Symptomer. Bei engem Prozent vun de Betraffene bleiwen d’Symptomer nach méi laang. Bei deene Leit ass d’Chance da grouss, datt et chronesch gëtt.
Wat verwonnerlech ass, ass datt virun allem eng jonk Populatioun betraff ass, tëschent 40 a 45 Joer.
"Dat si Leit, déi mëtten am Liewe stinn. Majoritär Fraen, dacks mat enger Virerkrankung, virun allem un de Longen. Déi si mat engem geschwächten Immunsystem an d’Pandemie eragaangen."
Déi Leit géinge fir eng laang Zäit aus dem Liewe gerappt ginn, warnt de Charles Benoy.
Wéi eng Batterie, déi eidel ass, a sech just lues opluet
Bei Long-Covid si verschidde Systemer am Kierper betraff. De Psychotherapeut vergläicht de kierperlechen Zoustand vun de Betraffene mat deem vun enger Batterie.
"Et ass wéi eng Batterie, déi net méi richteg luet, déi laang brauch fir ze lueden. Verschiddener kënne sech just nach fir eng kuerz Zäit belaaschten, anerer si guer net méi belaaschtbar."
Kleng Aktivitéite ginn also zu groussen Erausfuerderungen. Och kognitiv Problemer kommen dobäi. Betraffener kéinte sech net méi konzentréieren an heiansdo mol net méi richteg liesen, erkläert de Charles Benoy.
"Heele kënne mir d'Krankheet net"
Aktuell gëtt et kee richtegen Traitement fir d’Krankheet ze heelen. Bis haut ass och den Ursprong vun der Erkrankung net bekannt. Et kann een et also net geziilt behandelen, seet de Charles Benoy, mee et probéiert een, den Impakt vun der Krankheet op den Alldag vun de Betraffenen ze limitéieren.
"Heele kënne mir d’Krankheet net, wat awer net heescht, datt keng Heelung do ass. Bei engem groussen Undeel vun de Leit geet et mat der Zäit besser. Et muss een et fréi erkennen a sech adaptéieren, da kann de Kierper sech selwer heelen."
Wann een 3 Méint no der Infektioun ëmmer nach Symptomer huet, da schwätzt ee vu Long-Covid. De Charles Benoy betount och, datt ee léiwer ze fréi, wéi ze spéit bei säin Hausdokter goe soll.
Leit, déi vergiess ginn
Am Virfeld vum Long Covid Awareness Day spiert de Chalrey Benoy e grousst Bedürfnis fir iwwer d’Krankheet ze schwätzen. Dat, well déi Betraffen dacks stigmatiséiert ginn. Déi betraffe Patiente géingen am Alldag dacks net méi eescht geholl ginn, heiansdo mol net vu Santéspersonal.
"D’Leit soen, Middegkeet kenne mir alleguer. Mee dat hei ass eng chronesch Erschëpfung. D’Leit verwiesselen dat."
Leit, déi ganz schlëmm betraff sinn, si praktesch doheem un d’Bett gebonnen. Déi Patiente leiden ënner dem chronesche Fatigue Syndrome. “Déi leiden am Verborgenen a ginn oft vergiess”, seet de Psychotherapeut.
"Déi Leit sinn ausgeschloss vun der Gesellschaft, verléieren hir sozial Kontakter, kënnen um Beruffsliewen net méi deelhuelen."
Psychologesch Betreiung ass wichteg
An Éisträich huet rezent een 22 Joer ale Mann fir Opmierksamkeet gesuergt, deen - well keng Besserung a Siicht war - sech fir d’Euthanasie entscheet huet.
An deem Kontext betount de Charles Benoy, datt ronn d’Hallschent vun de Betraffenen och psychologesch begleet gëtt. Senges Wëssens hätt hei am Grand-Duché awer nach kee Suizid wéinst Long-Covid stattfonnt.