Dat, och fir den Defien am Gesondheetssystem an enger Bevëlkerung déi ëmmer méi al gëtt, entgéint ze wierken, esou d'Erklärung.
Personal queesch uechter d'Land verdeelen
Mat ronn 2.500 Soinen den Dag wier ee scho bal an enger "industrieller Entitéit vun der Pfleeg", mengt de Generaldirekter Michel Simonis. De Beneficiaire misst awer weider am Vierdergrond stoen. Mat dëser Fusioun kéint d’Personal besser iwwer d’Land verdeelt ginn, wéi de Generaldirekter vum Lëtzebuerger Roude Kräiz erkläert.
"Et war awer net onbedéngt evident, jee nodeem wou een am Land wunnt, dat och e Prestataire bis bei ee kënnt. An dat ass och haut nach net ganz evident, well et gëtt, fir e Service universel am ganze Land ze bidden, et gëtt een Tariff, dee geliwwert gëtt."
Als HELP hätt ee wëlle vun Ufank un am ganze Land aktiv sinn.
"All Client, dee sech bei eis mellt, dee muss och kënne Leeschtunge bei eis kréien."
D’Fusioun ass schonn am Juni zejoert um Pabeier ënnerschreiwe ginn.
Problem vum Rekrutement vu qualifizéiertem Personal
Doduerch, datt een elo just nach eng Entitéit ass, kéint ee Personalkäschte bündelen. Als klengen Acteur wier et nämlech net ëmmer einfach um Terrain ze iwwerliewen. Dat, well Tariffer pro Soin festgeluecht sinn a just pro Client ausbezuelt ginn, esou de Michel Simonis.
"Dofir huet och de Secteur sech staark consolidéiert, well schonn deemools 1998 waren éischter kleng Acteuren, déi kleng Centeren dorëmmer haten. Déi hunn direkt den éischten Dag schonn iergendengem de Schlëssel ginn, a gesot, dat do, dat maache mer net mat. Dat ass einfach ze vill risikoräich."
Och de Rekrutement vu qualifizéiertem Personal wier weiderhin ee Problem. Leit géif an der Moyen just 12 Joer a Pfleegeberuffer schaffen.
Déi zwee Acteure wäerten an Zukunft ënnert dem Numm Help – Service des aides et soins de la Croix-Rouge luxembourgeoise fonctionnéieren a weider de Logo vum HELP benotzen. Vue datt dësen entre-temps zu engem Markenzeeche gi wier, esou nach de Michel Simonis.