Radioen

On air

Kultur um 5  |  Liam Benzvi - Other Guys Feat. Blood Orange

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Rishi Sunak iwwerlieft Vott iwwert ëmstriddent „Ruanda“ Asylgesetz

Trotz Kontrovers

Rishi Sunak iwwerlieft Vott iwwert ëmstriddent „Ruanda“ Asylgesetz

De brittesche Premier Rishi Sunak huet am Parlament de Vote iwwerlieft iwwert dat sougenannte Ruanda Asylgesetz. Trotz ville Bedenken a Resistenz och aus den eegene Reien, huet eng Majoritéit vun Deputéierten dat kontroverst neit Gesetz ënnerstëtzt. 

auto_stories

1 min

D'Gesetz gesäit vir, datt Flüchtlingen, déi illegal a Groussbritannien kommen, direkt an de Ruanda kënne geschéckt ginn ouni datt si eng Demande fir Schutz a Groussbritannien kënne maachen.

Eng éischt Versioun vun deem Gesetz war vum Ieweschte Geriicht ofgeleent ginn, well d‘Sécherheet vu Flüchtlingen am Ruanada net garantéiert wier. D‘Regierung zu London wëll elo e neien Accord mam Ruanda verhandele fir dass dat Ost-afrikanescht Land als sécher kann deklaréiert ginn.