arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liichtbléck fir d'LGBTQI+ Community a Polen: Koppel kritt Bestietnis unerkannt

Polen

|
reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Liichtbléck fir d'LGBTQI+ Community a Polen: Koppel kritt Bestietnis unerkannt

D'Koppel déi sech am Joer 2018 zu Berlin bestuet hat, huet hiert Bestietnis, elo och zu Warschau a Polen unerkannt kritt - dat no engem jorelaange Rechtssträit. Déi zwee Männer hat geklot well den État civil vun der Gemeng Warschau hiren Akt de Mariage aus Däitschland net unerkenne wollt.

reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Am Mäerz dëst Joer hat dat Iewescht Verwaltungsgeriicht zu Warschau den zwee Männer Recht ginn, hiert d'Bestietnis misst och a Polen unerkannt ginn. Am November zejoert hat schonn den europäesche Geriichtshaff geurteelt, datt Pole mat hirem Refus géint d'europäesch Recht verstouss hat. 

D'Gemeng zu Warschau huet déi Zwee gëschter offiziell als bestuete Koppel agedroen. 

Eis Korrespondent Adrien Sarlat aus Pole mat Detailer. 

play_arrow Lauschteren