arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'USA wëllen de fréiere kubanesche President Raúl Castro ukloen

USA/Kuba

|
reading time

1 min

D'USA wëllen de fréiere kubanesche President Raúl Castro ukloen

Bei der Uklo soll et ëm Evenementer vin 1996 goen. Deemools hat déi kubanesch Loftwaff zwee Fligere vun enger Organisatioun vun Exilkubaner, déi an den USA hire Sëtz hat, virun der kubanescher Küst erofgeschoss. Elo soll de 94 Joer ale Raúl Castro ugeklot ginn.

reading time

1 min

John Ratcliffe | © EPA/YURI GRIPAS / POOL
John Ratcliffe (Foto: EPA/YURI GRIPAS / POOL)

Iwwerdeems war de Chef vun der CIA op Visitt op Kuba. Den John Ratcliffe huet sech mat Vertrieder vun der kubanescher Regierung getraff. Vu Kuba heescht et, et wéilt een nees de politeschen Dialog tëschent béide Länner ophuelen. 

Kuba wëllt weisen, datt ee keng Gefor duerstellt

Déi kubanesch Regierung hätt den USA wéilte weisen, datt si keng Gefor fir déi national Sécherheet vun den USA sinn, esou nach déi kubanesch Regierung zu Havanna. Si wollten domat den Duerstellunge vum US-President Donald Trump widderspriechen. 

Den Donald Trump hat de CIA-Chef geschéckt fir de Kubaner eng Botschaft ze schécken, esou US-Medien. D'USA wiere bereet sech mat de Wirtschafts- a Sécherheetsfroe ronderëm Kuba ze befassen, awer just wa Kuba verschidde Saache grondleeënd ännert.  

Nom Treffen huet et vu kubanescher Säit geheescht, si hätten den USA kënne weisen, datt si keng Bedroung wieren. Domat géif et elo kee Grond méi ginn, fir d'Insel weiderhin op der Lëscht vun de staatleche Sponsore vun Terroristen ze féieren, wéi den Donald Trump et direkt no sengem zweeten Amtsantrëtt gemaach huet. Fir déi Länner ginn et Sanktiounen.