arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Treffe vum Donald Trump a Xi Jinping: Et wéilt ee méi Partner, a manner Rivale sinn

USA/China

|
reading time

1 min

Treffe vum Donald Trump a Xi Jinping: Et wéilt ee méi Partner, a manner Rivale sinn

Am Palais vum Vollek zu Peking sinn de chinesesche President Xi Jinping a säin US-Homolog Donald Trump hënt fir e Sommet zesumme komm. Deen huet bal dräi Stonne gedauert. Et wier dobäi iwwer d’Kricher am Noen a Mëttleren Osten an an der Ukrain rieds gaangen.

reading time

1 min

© EPA/Maxim Shemetov / POOL
(Foto: EPA/Maxim Shemetov / POOL)

De President Xi huet sengem Gaascht gesot, datt béid Länner Partner sollte sinn an net Rivalen.

De Chines huet den US-Amerikaner awer och virum Risiko vun engem Konflikt gewarnt, sollt d’Taiwan-Fro schlecht géréiert ginn. China wëllt jo nees d’Kontroll iwwer d’Insel kréien. Tapeh huet duerno gemellt, datt d’USA hir Ënnerstëtzung vun Taiwan widderholl hätten an datt China déi eenzeg Gefor fir de Fridden an der Regioun wier.

De President Donald Trump huet sengem Géigeniwwer eng wonnerbar Zukunft tëschent béide Länner versprach an d’Renconter mam chineesesche President eng Éier genannt, wéi hien der net vill gehat hätt.