Detailer doriwwer, wéi China sech an deem Konflikt tëschent den USA an dem Iran wëllt abréngen, sinn net bekannt. Den Trump sot ënner anerem. China wéilt Pëtrol a landwirtschaftlech Produiten vun den USA akafen, grad ewéi 200 Boeing Fliiger.
De chineesesche President Xi Jinping huet vun enger Verbesserung an der Relatioun tëschent den zwou gréisste Wirtschaftsmuechte geschwat. Allerdéngs waren och d'Spannunge visibel. Ënner anerem beim Sujet Taiwan, wou de chineeesche President d'USA virun engem Agrëff gewarnt huet.
Wat de Krich am Noen Osten ugeet, huet de chineesche President an engem Interview mat Fox News betount, China géif dem Iran kee militärescht Material liwweren.