arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kinnek Charles a Kinnigin Camilla an den USA: 250 Joer Frëndschaft, déi elo bréckelt

Groussbritannien-USA

|
reading time

2 min

Kinnek Charles a Kinnigin Camilla an den USA: 250 Joer Frëndschaft, déi elo bréckelt

Et ass eng Renconter, bei där vill um Spill steet, well an der Relatioun tëschent béide Länner bréckelt et. Déi brittesch Regierung hofft op d'Hëllef vun der Kinnekskoppel.

reading time

2 min

© EPA/ALLISON ROBBERT/ POOL
(Foto: EPA/ALLISON ROBBERT/ POOL)

D‘Arrivée op der Joint Base Andrews zu Maryland ass reiwungslos ofgelaf. Vill Sécherheetspersonal stoung parat. No der Schéisserei bei engem Presse-Iesse mam Donald Trump gouf sech och ëm d‘Sécherheet vun de Monarche Suerge gemaach.

D‘Visitt geschitt am Kontext vum 250. Gebuertsdag vun der US-amerikanescher Onofhängegkeet. D‘Frëndschaft tëschent den zwee Länner soll gefeiert ginn, mee et gi vill Onstëmmegkeeten.

Den Donald Trump ass irritéiert, datt Groussbritannien net aktiv bei den US-amerikaneschen Attacke géint den Iran matgehollef huet, an huet de brittesche Premier Keir Starmer staark kritiséiert.

Krich an der Ukrain wäert en Theema sinn

De Kinnek wäert sech weider fir d‘Ënnerstëtzung vun der Ukrain ausschwätzen, mee d'Diskussioun geschitt net viru lafender Kamera. Dorop hätt een op brittescher Säit bestanen, bericht de Guardian.

De Kinnek wäert virum US-amerikanesche Kongress schwätzen. Et ass déi éischt Ried vun engem brittesche Monarch zënter 1991. Hie wäert probéiere mussen, den Donald Trump net ze irritéieren a gläichzäiteg awer sengen eegene Valeuren trei ze bleiwen.

De Schied vun der Epstein-Affär hänkt och schwéier iwwer der Visitt.

D‘Famille vun de sëllegen Opfer fuerderen, datt de Kinnek an d'Kinnigin sech mat hinnen treffen.

Dem Kinnek säi Brudder, den Andrew Mountbatten, war jo enk befrënnt mam Sexualverbriecher. Et wier awer bis elo kee Meeting geplangt, bericht de Guardian.

Donald Trump ass ee risege Fan vu brittescher Monarchie

De leschte September gouf hien zu Windsor mat enger Charmeoffensive begréisst, déi sech fir Groussbritannie gelount hat.

Well d‘Britte koume bei den US-amerikanesche Stroftaxe besser ewech wéi d‘Europäer. Elo hofft d‘brittesch Regierung, datt de Kinnek nach eemol dem Donald Trump Hunneg ëm de Mond schmiere kann.

E Mëttwoch reesen de Kinnek an d‘Kinnigin op New York, wou si un enger Gedenkzeremonie fir d‘Affer vun den Attentater vum 11. September 2001 deelhuelen.