Demokratescher Republik Kongo: Nei Ebola-Epidemie mat 65 Doudesfäll
An der Provënz Ituri, an der Demokratescher Republik Kongo, goufe bis elo 65 Doudesfäll an 246 verdächteg Fäll confirméiert, esou d‘Gesondheetsautoritéit vun der Afrikanescher Unioun. Déi meescht Fäll sinn an zwou Stied an deene vill Leit liewen, déi a Goldminne schaffen.
Déi betraffe Provënz läit eng 1.000 Kilometer vun der Haaptstad Kinshasa fort. De Stroossereseau ass do net staark ausgebaut, dat mécht d‘Bekämpfung géint de Virus méi schwéier.
Ebola gouf 1976 entdeckt. Zënterhier gouf et 17 Ausbréch an der haiteger demokratescher Republik Kongo. Ebola gëtt duerch direkte Kontakt mat Spaut an anere kierperleche Flëssegkeeten iwwerdroen. Et gëtt kee Vaccin géint Ebola.