D‘Doudesaffer ass ee Mann vun 90 Joer. Eng 50 weider Passagéier hätte Symptomer vun deem Mo-Daarm-Virus.
Déi meescht Passagéier u Bord si Britten an Iren. D‘Croisièresschëff ass gëschter Owend zu Bordeaux ukomm a sollt a Spuenie weiderfueren.
Dat, nodeems virun zwou Wochen op engem Croisièresschëff den Hanta-Virus ausgebrach war. Dobäi sinn dräi Mënschen ëm d'Liewe komm, eng sëllegen hu sech infizéiert. D'WHO geet net dovun aus, datt sech dee Virus nach weider verbreede kéint, esoulaang déi Betraffe sech un d'Quarantänsreegelen halen.