Ronn 10 Prozent vun de Leit am Alter vun 18 bis 25 Joer a Groussbritannie fëmmen. Dat ass ee Réckgang vu ronn 30 Prozent iwwer déi lescht 50 Joer. Der brittescher Regierung no ass deen Taux awer ze héich.
D'Regierung huet deemno decidéiert, de Kaf vun Zigarette iwwer ee lgewëssen Zäitraum illegal ze maachen. D'Hazel Cheeseman, d'Direktesch vun Action on Smoking and Health am UK, ënnerstëtzt dës Strategie.
Schonn 2007 gouf den Alter, fir legal Tubak kënnen ze kafen, vu 16 op 18 eropgesat. Dobäi wier d'Resultat positiv gewiescht: een Drëttel hätt op d'Ufänke mat fëmme verzicht.