arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ WHO kämpft géint d'Ausbreedung vun Ebola - a géint Zweifel an der Populatioun

DR Kongo

|
reading time

1 min

WHO kämpft géint d'Ausbreedung vun Ebola - a géint Zweifel an der Populatioun

D‘Ebola-Epidemie breet sech weider an der Demokratescher Republik Kongo aus – a vill Doudesfäll géifen nach onentdeckt bleiwen. Dat warnt d‘Weltgesondheetsorganisatioun WHO.

reading time

1 min

© EPA/SALVATORE DI NOLFI
(Foto: EPA/SALVATORE DI NOLFI)

Et gëtt geschat, datt zwee bis véier Mol esou vill Leit mam Virus infizéiert sinn, wéi bis elo gewosst. Fir den Ament goufe bal 2.000 Fäll am Labo confirméiert. Ronn 700 Leit sinn no enger Ebola-Infektioun gestuerwen.

Kee richtege Schutz virun der Krankheet garantéiert

Besonnesch problematesch wier, datt déi meescht an de Famillen an net an engem Behandlungszentere géife stierwen.  D‘Familljemember, déi sech ëm déi krank Persoun këmmeren, kéinte sech ouni dee richtege Schutz liicht ustiechen.

D‘Regierung an d‘Weltgesondheetsorganisatioun schaffe verstäerkt dru fir Zweiwel un enger Behandlung an de Klinicken aus dem Wee ze raumen.