arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schwéier Gefechter am Oste vum Kongo sinn e Problem am Kampf géint den Ebolavirus

Ebolavirus

|
reading time

1 min

Schwéier Gefechter am Oste vum Kongo sinn e Problem am Kampf géint den Ebolavirus

Den Direkter vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO weist sech besuergt iwwer d'Gefechter an der Demokratescher Republik Kongo. Hien ass an den Oste vun der Republik gereest.

reading time

1 min

© EPA/MARTIAL TREZZINI
(Foto: EPA/MARTIAL TREZZINI)

Wéinst deene Gefechter wieren 100.000 Leit verdriwwe ginn. 

De WHO-Direkter weist sech awer zouversiichtlech, datt d'Ebola-Epidemie ze stoppen ass. Allerdéngs géif et näischt brénge fir Grenzen zouzemaachen an de Leit d'Arees ze refuséieren. D'Vergaangenheet hätt gewisen, datt e Virus esou net gestoppt gëtt, esou nach den Direkter.