arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Longentransplantatioun bei norwegescher Prinzessin Mette-Marit war erfollegräich

Norwegen

|
reading time

1 min

Longentransplantatioun bei norwegescher Prinzessin Mette-Marit war erfollegräich

Déi norwegesch Prinzessin Mette-Marit krut de Moien eng Long transplantéiert. D‘Operatioun wier ee Succès gewiescht heescht et vun Oslo. Déi 52 Joer al Prinzessin leit zënter 2018 ënner enger spezieller Form vu Longefibros, déi zu schwéieren Otemproblemer féiert.

reading time

1 min

Mette-Marit | © EPA/Lise Aserud
Mette-Marit (Foto: EPA/Lise Aserud)

Ouni Transplantatioun hätt d'Mette-Marit wuel net kënnen iwwerliewen. Virun gutt 10 Deeg war bekannt ginn, datt déi 52 Joer al norweegesch Krounprinzessin Mette-Marit eng Longentransplantatioun brauch. Si huet eng onheelbar Longefibros.

Hire Fils, de Marius Borg Høiby, hat eng Demande gemaach fir aus der Unetrsuchungshaft entlooss ze ginn. Déi gouf verworf. Hie gouf entre-temps wéinst Vergewaltegung schëlleg gesprach an ass zu véier Joer feste Prisong verurteelt ginn.