Virun zéng Joer koum et schonn zu enger Ebola-Epidemie a Guinea. Fir Médecins sans frontières ass d'Tessy Fautsch als Infirmière deemools a Guinea gereest fir Patienten ze betreien. Dräimol ass si an de Joren tëschent 2014 an 2016 dohi geflunn. Dat ëmmer fir eng limitéiert Zäit, wéi d'Infirmière am 100,7-Interview erzielt.
"Zu där Zäit waren d'Asäz begrenzt. Dat meescht waren esou aacht Wochen, fir datt ee sech duerno erëm konnt erhuelen."
Zeréck zu Lëtzebuerg huet si missen 21 Deeg a Quarantän. Woubäi dat virun 10 Joer, also virun der Coronapandemie, nach "relax" gehandhabt gouf, esou d'Tessy Fautsch.
Krankheet, déi iwwer Kierperflëssegkeeten iwwerdroe gëtt
Elo, mam Ausbroch vum Ebolavirus an der Demokratescher Republik Kongo, kënnt och bei hir eng al bekannten Angscht erop. Woubäi si ee "Virdeel" vum Ebolavirus gesäit.
"D'Ustiechungsgefor geet iwwer Kierperflëssegkeeten. De Virdeel ass, datt en net iwwer d'Loft iwwerdroe gëtt, mee et ass relativ ustiechend."
Si huet Patienten a Patientinne begleet, déi liicht Symptomer haten.
"Bis Leit, déi wierklech verblutt sinn. Déi amgaange waren, an der Endphas ze sinn, an déi dann auslafen."
Dat wier dee schlëmmst méiglechen Ausgang vun der Krankheet, esou d'Tessy Fautsch. An deene Fäll kann een och als Gesondheetspersonal net vill maachen.
Isolatioun fir de Patient
Si kéinte kucken, datt d'Leit net ze héicht Féiwer hätten, an datt si hydratéiert sinn. Soss wier een zimlech limitéiert.
"Well och keen direkte Kontakt ass an den Isolatiounen tëschent der Famill an dem Patient. Herno hate mir Gebaier, déi Fënsteren haten, wou d'Leit konnten erakucken."
Selwer huet d'Gesondheetspersonal speziell Schutzkleedung u fir bei d'Patienten. Dobäi muss déi net deen héchste Protektiounsfacteur hunn, esou d'Tessy Fautsch, well de Virus eben net iwwer d'Loft iwwerdroe gëtt.
Lauschtert hei dee ganzen Interview mat der Infirmière Tessy Fautsch