"Sozial Medie maachen Kanner onglécklech", esou de Keir Starmer. Duerchaus géifen déi sozial Medien och Virdeeler mat sech bréngen, ma d'Riskie wieren ze grouss. Hien huet vun engem groussen Dag fir Groussbritannie geschwat.
Groussbritannien inspiréiert sech bei der Decisioun un Australien. Déi hunn am Dezember zejoert esou ee Verbuet duerchgesat. Och de Lëtzebuerger Premier hat dat a senger Ried zur Lag vun der Natioun fir d'lescht an Aussiicht gestallt, datt och Lëtzebuerg ee Mindestalter fir sozial Medie sollt kréien, wa keng europäesch Léisung fonnt gëtt.