arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Auto rennt a Grupp vu Cyclisten, dräi Kanner an een Erwuessene kommen ëm d'Liewen

Holland

|
reading time

1 min

Auto rennt a Grupp vu Cyclisten, dräi Kanner an een Erwuessene kommen ëm d'Liewen

Holland trauert, nodeems een Auto a Zeeland an Holland aus bis elo ongekläerte Grënn an ee Grupp vu 14 Grondschüler:inne gerannt ass. Dobäi koumen dräi Kanner an eng Begleetpersoun ëm d'Liewen.

reading time

1 min

© picture alliance / Joko | Joko
(Foto: picture alliance / Joko | Joko)

Véier weider Kanner goufe blesséiert. D'Kanner ware mat zwou Begleetpersounen an engem Vakanzecamp ënnerwee. Wéi al d'Kanner waren, ass nach net gewosst.