Fir den RTL-Programmchef an ESC-Delegatiounschef David Gloesener war den Echec vu gëschter zwar bedauerlech, mee mat Bléck ob d’Prognose vun de Wettbureauen net komplett onerwaart.
"Wann een d’Odds virdru gekuckt huet, dann huet ee gesinn, datt Lëtzebuerg am Mëttelfeld ënnerwee war an datt et net géing evident géing eis ze qualifizéieren."
Dobäi kéim, datt d’Konkurrenz an dëser zweeter Halleffinall besonnesch staark gewiescht wier. Virun allem fir déi 20 Joer al Sängerin Eva Marija, déi fir d’éischte Kéier op sou enger grousser Bün stoung an e Land representéiert huet, wier d’Situatioun emotional a mat Drock verbonne gewiescht.
Mat hirer Performance wier een awer méi wéi zefridden an houfreg. Der Sängerin wier hei näischt ze reprochéieren, esou den David Gloesener.
"Mir hunn him awer ganz kloer gesot, an do si mer absolutt d'Accord alleguerten, datt d'Eva säi Bescht gemaach huet, an datt him wierklech do näischt ze reprochéieren ass. Hat brauch do keng Scholdgefiller ze hunn."
Ee bewosst éischter minimalistesche Lëtzebuerger Optrëtt
De Lëtzebuerger Bäitrag hat dëst Joer op eng éischter minimalistesch Inzenéierung gesat. Nieft e puer visuellen Effekter gouf et keng spektakuläre Showelementer wéi Feier oder Konfetti. Och de Budget spillt dem David Gloesener no hei eng Roll. Verschidde Länner géifen immens vill investéieren, fir gezielt op eng Victoire hinzeschaffen.
Déi Lëtzebuerger Delegatioun wéilt awer kucken, datt d’Performance zum Land an zu der Kënschtlerin passt.
"Am Endeffekt geet et awer och ëm Authentizitéit. An ech mengen dat Lidd, wat mer haten, mat eiser Sängerin, wat d'Lidd selwer matgeschriwwen huet, do war eng Authentizitéit do. An et hat och elo kee Wäert."
Op der Eurovisiounsbün wier alles méiglech.
"Et muss awer alles beienee passen. Mir hunn e Staging gemaach, dee bei d'Eva passt, dee bei d'Lidd passt, dee bei d'Lidd passt, dee bei d'Kënschtlerin passt an dee war eeben e bëssen anescht."
Ob Lëtzebuerg sech um ESC an Zukunft méi trauen oder méi op e méi spektakulären a gewoten Optrëtt setze soll, léisst hien awer op.
Schlecht Resultat soll net decisiv sinn ob Lëtzebuerg weidermécht oder net
Wéi et elo virugeet, ass nach net definitiv gekläert. Wéi all Joer soll zesumme mat der Regierung an engem Aarbechtsgrupp e Bilan gezu ginn. Dobäi géif analyséiert ginn, wat gutt a wat manner gutt gelaf ass.
Fir den David Gloesener dierft d’Resultat vun dësem Joer awer net entscheedend sinn, ob Lëtzebuerg weider um Eurovision Song Contest deelhëlt.
"Ech menge wann een an e Concours geet, souwéi deen heiten, a wou Lëtzebuerg an anere Beräicher och matmëscht, Concoursë, Sports-Events a sou weider a sou virun, déi sinn och net ëmmer Erfollegrecht an trotzdeem gëtt der net direkt domadder opgehalen. Dat heescht, dat ass e bëssen dat wat mir mengen."
D’Delegatioun géif hirersäits "ganz gär weidermaachen", esou den David Gloesener. De Finanzement fir d’Lëtzebuerger Participatioun ass aktuell bis 2027 virgesinn.
Ob déi politesch Situatioun no de Walen 2028 en Afloss op d’Zukunft vum ESC-Projet huet, wollt den David Gloesner awer net kommentéieren.