arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Premier Luc Frieden: Lëtzebuerg sollt och 2027 nees beim ESC dobäi sinn

Eurovision Song Contest

|
reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Premier Luc Frieden: Lëtzebuerg sollt och 2027 nees beim ESC dobäi sinn

De Luc Frieden wëllt der Regierung proposéieren, datt Lëtzebuerg dat nächst Joer beim Eurovision Song Contest matmécht. Dat huet de Premier an der Chamber ugekënnegt, no enger Fro vum DP-Deputéierte Marc Hansen.

reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow
© EPA/HANNIBAL HANSCHKE
(Foto: EPA/HANNIBAL HANSCHKE)

Bei den organisatoreschen, artisteschen a finanzielle Froen, déi nach ze kläre wieren, missten Äntwerten ze fanne sinn, huet de Regierungschef gemengt.

Lëtzebuerger Musekszeen sollt total mat agebonne ginn

Bei der Participatioun wier d’Visibilitéit vum Land wichteg, an der Lëtzebuerger Museks- a Kulturzeen eng international Plattform ze bidden, huet de Luc Frieden erkläert.

"Duerfir mengen ech, datt dat eng Initiativ ass, déi ee sollt weider positiv begleeden. Ech wëll och all deene felicitéieren, déi an deene leschten dräi Joer zu Lëtzebuerg mat vill Begeeschterung dorun deelgeholl hunn. Dat sinn der jo ganz vill, net nëmmen déi, déi an d'Halleffinall an de Finall komm sinn, mee och all déi aner. An duerfir mengen ech ass dat schonn eng flott Bün."

Hien hätt dem Kulturminister Eric Thill (DP) mat op de Wee ginn, datt déi Lëtzebuerger Zeen total misst agebonne sinn. Et soll ee “Boost” fir Lëtzebuerger Sänger:innen sinn, esou de Luc Frieden.

2024 war Lëtzebuerg no 30 Joer Absence eng éischte Kéier erëm beim ESC mat dobäi. Dëst Joer war déi Lëtzebuerger Kandidatin net an d’Final vum ESC komm. Déi Lëtzebuerger Delegatioun hat sech no der Eliminatioun och dofir ausgeschwat, d'nächst Joer nees deel ze huelen. 

play_arrow Lauschteren