arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Xavier Bettel: Muskele weise mécht an der Diplomatie wéineg Sënn

Am 100,7-Interview

|
reading time

6 min

headphones

14 min

play_arrow

Xavier Bettel: Muskele weise mécht an der Diplomatie wéineg Sënn

Walen a Brasilien, Serbien an Israel: Wichteg Walen hu ganz rezent uechter d'Welt stattfonnt. Am Xavier Bettel senger Deklaratioun iwwer d'Aussepolitik an der Chamber war doriwwer awer wéineg ze héieren. Den Ausseminister seet am 100,7-Interview, datt dat eng bewosst Entscheedung war.

reading time

6 min

headphones

14 min

play_arrow
© Chambre des députés
(Foto: Chambre des députés)

De Moment wou den Ausseminister Xavier Bettel (DP) seng Deklaratioun iwwer d'Aussen- an Europapolitik an der Chamber gehalen huet, sinn d’Leit an Israel wiele gaang. Elo, en Dag méi spéit, weisen déi éischt Héichrechnungen eng Kapp-u-Kapp-Course.

Mat Spannung erwaarte Walresultat an Israel

Am 100,7-Interview wëllt de Xavier Bettel nach net ze vill an déi éischt virleefeg Resultater eran interpretéieren.

De Benjamin Netanjahu a seng Partei Likud bleiwen den éischte Resultater no stäerkste Kraaft, seng rietsextreem Regierungskoalitioun kann awer keng Majoritéit méi stellen. D’Oppositioun kann dat och net a gewënnt och net esou vill bäi wéi virausgesot.

Gewënner kéinten déi arabesch Parteie sinn, déi en neit Rekord-Resultat opstelle kéinten. Mee mat hinne wëllt Stand elo kee koaléieren.

Xavier Bettel geet net vun engem politesche Renversement an Israel aus

Et gesäit also net esou aus, wéi wann nom Ausziele vun all de Stëmmen e klore Gewënner géing erausstiechen. Dat mengt och den Ausseminister.

“Jiddefalls ass et kee Renversement an déi eng oder an déi aner Richtung.”

Hien hätt op e Changement gehofft, a mécht dat nach ëmmer, gëtt den Ausseminister zou. Grad déi ganz extremistesch Politiker wéi den Itamar Ben-Gvir, déi an de leschte Jore “vill verhënnert hunn”, maachen him Suergen.

Lula-Regierung no un de Lëtzebuerger Wäerter

Et sinn d’Deeg vun de grousse Walen. Virun e puer Deeg ass a Brasilie gewielt ginn. Do huet den aktuelle President Lula sech ganz knapp am zweeten Tuer géint de Flávio Bolsonaro konnte behaapten.

De Fils vum Ex-President Jair Bolsonaro huet doropshin d’Land a Richtung USA verlooss.

Zu deene Walen huet de Xavier Bettel relativ wéineg a senger Ried gesot. Am 100,7-Interview ënnersträicht hien awer, datt ee gutt Relatioune mat der Regierung vum Lula huet, an si mat hire Wäerter och méi no u Lëtzebuerg sinn, wéi dat ee Bolsonaro géing maachen. Stéchwuert Klimapolitik a Mënscherechter.

Mee och an Europa huet eng wichteg Wal stattfonnt: A Serbien ass de President Aleksandar Vučić ofgewielt ginn an d’Studentebeweegung huet d’Wal gewonn. Do misst een elo kucken, wéi sech d’Situatioun weiderentwéckelt, seet de Xavier Bettel.

“Loosst si als éischt weisen, wat si wëllen, iert ech jugéieren, ob et zu engem grousse Wiessel kënnt oder net.”

"Muskele weise mécht an der Diplomatie wéineg Sënn"

Opgrond vun deene Walresultater vu pro-demokratesche Kandidaten a Parteien a Brasilien a Serbien hätt ee sech awer méi dozou an der Deklaratioun vum Xavier Bettel gëschter erwaarde kënnen. Mee den Ausseminister stellt kloer, datt hien dat net wëllt maachen.

Hie géing et net als säi Rôle gesinn ze soen, wéi enge Kandidaten hien d’Victoire wënscht a wéi engen eng Néierlag. Lénks a riets auszedeelen, just fir eng androcksvoll Ried ze halen, wier an der Diplomatie net schlau.

“Dat hunn ech gemierkt an der Diplomatie: Amplaz Muskelen ze weisen (...) an de Länner Lektiounen ze ginn ass et besser mat de Leit ze schwätzen an en Echange ze hunn.”

Schliisslech hätt hien och net gär wann auslännesch Politiker soen, deen an deen soll zu Lëtzebuerg gewannen.

Xavier Bettel: Populiste maachen eidel an onrealistesch Verspriechen

Sënn an Zweck vun der Deklaratioun an der Chamber ass net just, déi Deputéiert an de Corps diplomatique iwwer dem Ausseminister seng lescht Missiounen an zukünfteg Pläng ze informéieren, mee virun allem de Leit ze weisen, wat hie gemaach huet a wat hien nach wëlles huet.

Mee wëssen d’Leit no der Ried dann alles? Lëtzebuerg wëllt eng Ambassade a Kenia an a Südafrika opmaachen. Mee wat denkt de Xavier Bettel iwwer Leit wéi Marinne Le Pen oder Alice Weidel?

Natierlech géing hie sech doriwwer Suerge maachen, wa Leit mat extremisteschen Iddien u Popularitéit gewannen, seet den DP-Politiker. Mee hie wéilt keng “Mikrofon-Politik” maachen.

“Ech sinn net deen, dee mam Parlophon deem engen oder anere Lektioune gëtt.”

Hie géing et virzéien, mat deene Leit ënner véier Aen ze schwätzen amplaz ëffentlech ze debattéieren. 

Mee, esou de Xavier Bettel, de Fall Bolsonaro wier stellvertriedend fir vill Populisten: Et gi Saache versprach, mee ob een déi anhale kann ass eng aner Fro. Elo hätt hien “d’Wallis gepak” a géing viru senge Leit fortlafen.

EU a Kanada: Europa brauch nei Partnerschaften

Et ginn am internationale Kontext awer och nach Partnerschafte gemaach a gestäerkt. Esou déi tëschent der EU a Kanada. Muer an e Freideg fënnt dozou och e Sommet statt.

Een Diskussiounspunkt am Virfeld ass deen, wéi een déi Relatioun elo bezeechne soll. D’Ursula von der Leyen huet d’Iddi vun enger associéierter Memberschaft an de Raum geworf, obwuel esou eppes net an den Traitéë virgesinn ass.

“Mir ass et Wurscht, wéi deen Numm ass”, seet de Xavier Bettel. Wichteg wier, datt een déi Relatioun mat Kanada elo stäerkt. D’EU bréicht Partner.

“Nei Partnerschafte sinn a mengen A méi wichteg wéi jee.”

Dann ass een aktuell och nach op der Sich no engem Nofollger vum UNO-Generalsekretär António Guterres. De Xavier Bettel huet schonn duerchblécke gelooss, datt hien e Faveur vun enger weiblecher Nofollgerin wier. 

Neien UNO-Generalsekretär soll Brécke baue kënnen

Am 100,7-Interview betount hien awer, datt d’Entscheedung net vum Geschlecht, mee vun de Kompetenze soll ofhängeg gemaach ginn. Fakt wier awer, datt an der 80 järeger Geschicht vun der UNO nach ni eng Fra Generalsekretärin war.

Eng Favorittin ass d’Rebeca Grynspan aus Costa Rica, déi am Moment wuel d’Nues vir huet. Och d’Lana Nusseibeh aus de Vereenten Arabeschen Emiraten huet gutt Chancen. Mee aktuell kréie béid nach een oder zwee Veetoe vun de permanente Memberen. 

Lëtzebuerg ass net am Weltsécherheetsrot vertrueden a kann deemno och net ofstëmmen. Vun de 15 Membere brauch een op d’mannst 9 Stëmmen a kee Veeto fir als Generalsekretär gewielt ze ginn.

Virum 31. Dezember sollt idealerweis een Nofollger vum António Guterres fonnt ginn. Et sollt och ee sinn, dee Brécke baue kann, betount de Xavier Bettel nach. 

“Et ass esou vill futti gemaach ginn an de leschte Joren.”

play_arrow Lauschteren