Den LSAP-Deputéierten huet dem Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie un d'Häerz geluecht, net op Paräis oder Berlin ze kucken, mee selwer Initiativen ze ergräifen an eng kloer Linn ze hunn.
An de grousse Prinzippie wier ee sech am Fong eens
Wat si Prinzippie wäert, wann een net bereet ass, duerno ze handelen, esou den Yves Cruchten.
"De Franz Fayot huet am Mäerz eng Motioun iwwer de Respekt vum internationale Recht a vum Multilateralismus deposéiert. Eng Motioun, déi d'Regierungsmajoritéit refuséiert huet. Dat ass erstaunlech, well wann ech Iech nolauschteren, da si mir eis an de grousse Prinzippie jo awer dacks eens. Mee wann d'Chamber soll konkreet Positioun bezéien, da gëtt et op eemol komplizéiert."
Den LSAP-Deputéierten huet d'Fro opgeworf, ob d'Regierung net méi couragéiert wier a Communiquéen.
Den Yves Cruchten huet, wéi d'Riedner vun anere Fraktiounen, nach betount, datt d'Demokratie weltwäit ënner Drock, mee nach laang net um Enn wier. Dat hätten d'Walen a Brasilie gewisen.
Ausseminister fënnt, hie wier ze héieren
De Xavier Bettel ass ënner anerem op de méi allgemenge Virworf agaangen, seng Stëmm wier net genuch ze héieren.
"De Moien hat ech en Interview, Här President, um 100,7, wou de Journalist fonnt huet: Et héiert een Iech awer net op verschiddenen ... Ech hunn et schonn e bësse speziell fonnt, well doheem kréien ech net oft gesot, datt ee mech net héiert, an hei och net."
Den DP-Ausseminister huet gemengt, hie géif net mam Megafon duerch d’Landschaft lafen, mee Politik duerch Diskussioune féieren.
Donieft huet hien nach ervirgehuewen, datt sech a sengen Aen d’Lëtzebuerger Politiker awer an de groussen Dossiere vun der Aussepolitik erëmfanne géifen.
Laurent Zeimet: Geopolitesch Lag géif engem kee Choix loossen
D’CSV huet sech hanner den Ausseminister gestallt. D'selwecht wéi de Xavier Bettel a senger Ried huet och den CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet de Wäert vun enger staarker internationaler Zesummenaarbecht betount.
D’Souveränitéit vun engem klenge Land géif dovun ofhänken, datt Reegelen a Verträg agehale ginn. Virun allem am Kontext vun den aktuelle globalen Onroue wier et essentiel, déi europäesch Sécherheet auszebauen, fënnt de Laurent.
"D'Bedroung duerch Russland ass keng kuerz Episod. An Amerika setzt aner Prioritéiten. Europa muss dofir méi Verantwortung fir seng eege Sécherheet iwwerhuelen."
D'Zäiten, wou Europa d'Fro vun der eegener Sécherheet konnt un d'USA ofdrécken, wier eriwwer. Lëtzebuerg misst dofir weider Efforte maachen a Punkto Verteidegungspolitik an op 2,3 Prozent vum RNB bis 2029 kommen.
"Wien dës Präisser net wëllt bezuelen, dee muss soen, datt hien eis Sécherheet no bausse wëllt opginn."
De Laurent Zeimet huet weiderhi betount, datt d'Resilienz awer net nëmmen eng Fro vun der Arméi ass, mee och vun den nationalen Infrastrukturen. Stroum- a Kommunikatiounsnetzer misste géint Cyberattacke preparéiert a geschützt ginn.