Vun Ufank u gouf de Lëtzebuerger Bäitrag als ee vun deene méi schwaachen ageschat. Trotzdeem war d'Enttäuschung beim Eva Marija grouss.
"Fir mech war et dat wichtegst, mat mengem Häerz ze sangen an alles ze ginn. Ech sinn eréischt 20 Joer al an ech hat d'Chance op esou enger grousser Bün ze stoen. Dat bedeit mir immens vill. Elo sinn ech gespannt, wat d'Zukunft bréngt."
Gréisser Iweerraschunge goufen et gëschter net. All d'Länner, déi och de Bookmakers als déi bescht gesi goufen, sinn och weiderkomm. Dorënner Dänemark, Australien an d'Ukrain. Detailer doriwwer wie wéi vill Punkte genee kritt huet ginn eréischt no der Finall um Weekend publizéiert.
Wéi geet et weider mat Lëtzebuerg um ESC?
D'Konkurrent an dëser Halleffinall wier staark gewiescht, esou d'Elisabeth Conter, déi zënter dësem Joer déi nei Lëtzebuerger Head of delegation ass. Och bei hir sinn um Enn vun der Show d'Tréine gefloss.
"Fir d'éischt musse mer muer mol doriwwer nodenken. Elo am Moment si mer wierklech total an der Emotioun. Wéi geet et dem Eva? Ech dat ass dat aller wichtegst. Da musse mer eben doriwwer nodenken, wat mer déi nächste Kéier maachen. Mee ech menge mir hunn alles gemaach wat mer konnten."
Elo misst ee kucken wéi et weidergeet, esou nach d'Elisabeth Conter.
Am Lëtzebuerger Staatsbudget ass u sech de Finanzement vun der Lëtzebuerger Partizipatioun bis 2027 inclus virgesinn. Mee elo géife bis Enn Juni nach Gespréicher doriwwer mat der Regierung stattfannen.
Den Eurovisioun Song Contest geet e Samschdeg mat der grousser Finall weider. Do wäerten dann nach 25 Länner optrieden.