De Mann hat no der Dot fir d’éischt eng Vermësstemeldung opginn, ier hie fënnef Deeg no der Dot zouginn hat, d’Fra ëmbruecht ze hunn.
D'Affer wollt sech no 31 Joer Bestietnis trennen. De Partner, a Papp vun zwee gemeinsame Kanner, huet seng Fra am Hierscht 2023 dunn erwiergt. Dëst mat Virsaz wéi d'Riichterin de Mëtteg geurteelt huet.
Dot war geplangt
Dem Mann seng Akafslëscht vu virun der Dot, op där ënner anerem Blo Plastik Tuten, Botzmëttel an Usträicher-Kleeder stounge géifen noleeën datt hien Dot geplangt huet. Dës Objete goufe spéider an Zesummenhang mat der Dot bruecht.
D’Läich gouf an engem Bësch net wäit vu Consdorf fonnt. De Schëllegen hat der Police d’Plaz selwer gewisen. D’Coperatioun vun hirem Client mat den Enquêteure wier net am Urteel berücksichtegt ginn, fënnt d’Affekotin vum Mann, d'Me Lynn Frank.
"Mäi Client huet e ganz schlëmmen a vun enger Gravité intrasecen Akt gemaach an dat ass en och ganz kloer a bewosst. An en huet jo och en Aveu gemaach. En huet et vläicht net direkt gemaach, mee en huet en Aveu gemaach."
Mann wäert an Appell goen
Hien hätt Ried an Äntwert gestanen a collaboréiert, esou d'Me Lynn Frank.
"Mir waren eis bewosst, datt e géif eng schlëmm Strof an eng héich Strof kréien, mee mir waren natierlech elo enttäuscht, datt näischt vun all deem Argumentaire, dee mir ervirbruecht hunn, iergendwéi zeréckgehale gouf,"
Nieft der Prisongsstrof muss de Schëllegen dräi Partie civillen, de Geschwëster vum Affer, am Ganze 60.000 € Schuedenersatz bezuelen, esou d’Urteel an éischter Instanz.
Mee dat lescht Wuert ass nach net geschwat. Et wier inevitabel an Appell ze goen, esou Me Lynn Frank. Dat wier och scho mam Client ofgemaacht.