Den Børge Brende war 8 Joer laang President vum WEF a sot, datt hie sech géif zeréckzéien, fir datt de Weltwirtschaftsforum net wéinst senger Problem soll kréien.
Bill Gates: Hie wier vum Epstein erpresst ginn
An der Suite vun der Epstein Affär huet de Bill Gates elo zouginn, datt hien zwou Affären hat. De Matgrënner vu Microsoft huet sech bei de Mataarbechter:inne vu senger Fondatioun entschëllegt. De Bill Gates behaapt, datt de veruerteelte Sexualstroftäter Jeffrey Epstein hien opgrond vun deenen Affären erpresst hätt.
Ënner anerem Europol enquêtéiert
Den US-Justizministère huet Ufank Februar iwwer dräi Millioune Säite vum Dossier Epstein verëffentlecht. Ënner anerem de fréiere brittesche Prënz Andrew an de fréiere brittesche Wirtschaftsminister Mandelson goufe schonn opgrond vun der Epstein-Affär festgeholl. Si si mëttlerweil trotz lafender Enquête nees op fräiem Fouss.
A Frankräich gouf iwwerdeems eng Spezialunitéit etabléiert fir méiglech Verbindungen ze iwwerpréiwen. Ënner anerem géint den Ex-Kulturminister Jack Lang gëtt enquêtéiert.
EU-Deputéiert hunn iwwerdeems gefuerdert, datt Europol soll aktiv ginn, nodeems ëmmer méi europäesch Politiker an Diplomate a Verbindung mam Reseau vum Sexualstroftäter bruecht ginn.