arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun der Affär Rodrigues zum Super-GAU fir de Lëtzebuerger Fussball

Fräie Mikro

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Vun der Affär Rodrigues zum Super-GAU fir de Lëtzebuerger Fussball

Den Ex-Fussballer an Ex-Nationalspiller Denis Scuto geet a sengem Fräie Mikro op d'Affär Gerson Rodrigues an d’Plaz vun der Gewalt géint d’Fraen am Fussball an.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Denis Scuto | © Chris Zeien
Denis Scuto (Foto: Chris Zeien)

Ech sinn an den 1980er Joren an eng Futtballerwelt eragewuess, wou e bestëmmten Ideal vu Virilitéit, déi mer haut éischter "toxesch Männlechkeet" nennen, dee Sport dominéiert huet.

Ech hunn och a menger Kandheet Situatiounen erlieft, wou d'Fraen als Victime vu männlecher Gewalt keng Moyenen a keng Ulafstellen hate fir deem entgéintzewierken. Dës Gewalt ass net thematiséiert ginn, ass am private Raum bliwwen, ass verschwige ginn. Ech sinn dofir gutt placéiert fir ze erkennen, wat fir e grousse Fortschrëtt an eiser haiteger Gesellschaft d'Mobiliséierung géint all Zorte vu Maltraitance bedeit.

Haut ass d'Theema haislech Gewalt oder sexualiséiert Gewalt géint Fraen am ëffentleche Raum present. #MeToo ass och am Fussball ukomm. Politik, Medien, Zivilgesellschaft, aktiv Fanzeenen an Eenzelkämpfer:innen an de Federatiounen an an de Clubbe setzen d'Theema op d'Agenda. Fir de Lëtzebuerger Public wuel dat bekanntste Beispill dierft dee wéinst virsätzlecher Kierperverletzung u senger deemoleger Liewenspartnerin verurteelte Jérôme Boateng sinn. Säi Retour bei den FC Bayern München ass um Fanwidderstand gescheitert.

Schlecht Gestioun vun der Situatioun a keen Interessi

Ënner dem Drock vun der Mobiliséierung géint Gewalt an Diskriminatiounen huet d'franséisch Fussballfederatioun eng Sensibiliséierungscampagne gestart mat an enger Internetplattform JALERTE.FFF.FR. Si erlaabt et Gewaltfäll, besonnesch géint Fraen, ze signaléieren, egal ob een Affer oder Zeien ass. Och a villen europäesche Federatiounen ass d'Zäit vum Verschweigen a vum Leegnen eriwwer. Ausser bei der FLF. Kee Projet doriwwer an hirem Strategieplang 2022 bis 2026, wou dat Wuert "Gewalt" net virkënnt. Mee als éischte Grondwäert steet an deem Plang ëmmerhin dee vun der Verantwortung a vun de "richtege Verhaltensweisen" vis-à-vis vun der Gesellschaft.

De Fall Gerson Rodrigues a virun allem d'Gestioun dovun duerch den Nationaltrainer Luc Holtz an den FLF-President Paul Philipp hu gewisen, wéi wéineg d'FLF sech fir d'Problematik vun der Gewalt am Allgemengen an der Gewalt géint Fraen am Besonneschen interesséiert.

Just eng méiglech Decisioun

No der Verurteelung an Appell vum Gerson Rodigues zu 18 Méint Prison mat Sursis wéinst virsätzlecher Kierperverletzung u senger deemoleger Frëndin an un zwee Männer gouf et eigentlech nëmmen eng legitim méiglech Decisioun fir d'LF. De Gerson Rodrigues hätt missen direkt a bis op Weideres fir d'Matcher vun der Nationalekipp gespaart ginn, well hien de Grondwäert vum verantwortleche Verhalen an eiser Gesellschaft grad als Nationalspiller mat Féiss getrëppelt huet a well hie säin Täterverhalen a sengen Aussoe weiderféiert a sech nom bekannte Muster als Affer duerstellt. Esou wéi Luc Holtz, Paul Philipp a FLF versicht hu sech, am Kader vun hiren Attacke géint Presse- a Meenungsfräiheet, als Affer vu Medien a Politik duerzestellen. E Schoss dee komplett no hanne lassgaangen ass a mëttlerweil aus der Affär Rodrigues eng Affär FLF an e Super-GAU fir de Lëtzebuerger Fussball gemaach huet.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

play_arrow Lauschteren