D‘onofhängeg Ethikkommissioun soll aus Perséinlechkeeten aus dem Sport, dem Droit an der Zivilgesellschaft zesummegesat ginn.
Hir Zesummesetzung soll an den nächste Wochen annoncéiert ginn a se soll hir éischt Conclusioune fir d‘Rentrée presentéieren, esou d‘FLF.
D‘Missioun vun der Kommissioun wier et ënnert anerem, fir d‘Evenementer ronderëm den Dossier Gerson Rodrigues onparteiesch ze re-examinéieren, Conclusiounen draus zéien a Recommandatiounen opstellen, fir datt esou Situatiounen sech net nach eng Kéier widderhuelen.
Wéinst häislecher Gewalt verurteelt
Als Rappel: D‘FLF war no der Selektioun vum Stiermer Gerson Rodrigues fir déi rezent Frëndschaftsmatcher an d‘Kritik geroden – well de Rodrigues rezent wéinst haislecher Gewalt a Kierperverletzung an dräi Fäll verurteelt gouf.
Och de Sportminister Georges Mischo am 100,7-Interview, datt de Gerson Rodrigues senger Meenung no net fir déi Matcher hätt däerfe selektionéiert ginn. D‘FLF entschëllegt sech am Schreiwes bei all deenen, déi sech duerch d‘Affär Zitat „offenséiert“ géife fillen.
Och bei der Fra, déi bei enger Manifestatioun géint d‘Selektioun vum Gerson Rodrigues beim Match leschte Freideg de Fanger vu Sécherheetsautoritéite gebrach krut. A beim Journalist vum Quotidien, dee vun engem Point-presse mam Futtballnationaltrainer Luc Holtz ausgeschloss gouf.
"Je suis le meilleur buteur de l’histoire luxembourgeoise"
De Gerson Rodrigues huet sech iwwerdeems haut selwer op soziale Medien zu Wuert gemellt an d’Verurteelung relativiséiert: Hie géif d‘Geriichtsentscheedung géint hie respektéiere mee hie misst se dowéinst net als Wourecht akzeptéieren.
De Futtballspiller ass an zweeter Instanz zu 18 Méint mat Sursis condamnéiert ginn. Hie gouf deemno schëlleg gesprach wéinst Gewalt géintiwwer enger fréierer Partnerin a géintiwwer zwou weidere Persounen.
A sengem Message op soziale Reseaue seet de Rodrigues haut dem Nationaltrainer Luc Holtz Merci. Den Holtz hat de Rodrigues de leschte Freideg fir de Match géint Slowenie selektionéiert.
D‘Futtball-Nationalequippe vun den Häre spillt haut iwwerdeems ee weidere Frëndschaftsmatch – dës Kéier géint Irland. Och fir dee Match si Protester géint d‘Entscheedung vun der FLF fir de Gerson Rodrigues ze selektionéiere geplangt. Dat vun e puer Associatioune vun der Plateform JIF.