Ënner anerem wéinst Coups et blessures volontaires war de Gerson Rodrigues leschte Mount och an zweeter Instanz vun der Justiz verurteelt ginn. De Conseil d’administration vun der FLF wier awer der Meenung, datt de Gerson Rodrigues net vum Verband eng zweete Kéier bestrooft sollt ginn, an datt hien eng zweet Chance verdéngt hätt, esou den FLF-Jurist Marc Diederich.
"Hie krut viru Geriicht eng Strof, a mir wëllen hien net nach eng Kéier fir déi selwecht Faite condamnéieren, mee et ass awer grad esou evident - dat krut hien d’ailleurs och gesot - dass sou eppes net méi virkommen dierf. An anere Wierder: De Gerson ka vum Trainer selektionéiert ginn, an dobäi bleift et elo, a méi kommunizéiere mir heizou och net.”
Reaktioun vun déi Jonk Lénk
Déi Jonk Lénk kritiséieren dat an hunn der Fussballfederatioundowéinst een oppene Bréif geschéckt. Dat deele si de Mëtteg mat. Déi jonk Lénkschreiwen: D’Fussballnationalekipp wier "e Safe Space fir Auteure vunhaislecher Gewalt“ an hei géif "ee verurteelte Gewalttäter eng Bün fir eistLand am Internationale Fussball gebuede“ kréien, an dat wier net toleréierbar.
Zwee nei Spiller am Kader
Haut an zwou Wochen ass de Frëndschaftsmatch géint Slowenien, 4 Deeg drop dann dee géint Irland, all Kéiers am Stade de Luxembourg. Mam jonke Mëttelfeldspiller Diego Duarte vu Metz a mam Golkipp André Barrela vu Péiteng huet de Fussball-Nationaltrainer Luc Holtz zwee nei Spiller fir dës Lännermatcher nominéiert.
📋 ROUT LÉIWE KADER#RoudeLéiwHuelSe #RoutLéiwen pic.twitter.com/QjQlnenBQk
— Fédération Luxembourgeoise de Football (@flf_lu) May 23, 2025