2023 wier e Gesetz an der Chamber gestëmmt ginn, mam Zil fir de Consentement, also d’Averständnis, ze definéieren. Déi Notioun hätt och deelweis scho virdru ginn, esou d’Elisabeth Margue.
“Den Ënnerscheed mam franséischen Text war, datt dee virgesinn huet, datt e Viol nëmme bei engem Acte de ménace surprise an eebe Gewalt géif virléien. Wat awer relativ erstaunlech ass, besonnesch wann een d’Affär Pelicot kuckt.”
Nëmme Jo heescht Jo!
D’Justizministesch seet am 100,7-Interview si wier frou, datt Frankräich elo "op deen nämmlechte Wee wéi mir" géif goen. Frankräich géif elo déi nämmlecht Prinzippie wéi Lëtzebuerg adaptéieren.
"Dat heescht de Consentement muss appreciéiert ginn opgrond vun de Circonstancë vun enger Affär. De Consentement kann net einfach ofgeleet ginn, wann eng Victime net resistéiert. De Consentement kann zu all Moment zeréckgezu ginn. All dat sinn Elementer, déi mir scho méi laang am Text haten.”
Net nëmme physesch Gewalt zielt
D’nächst Joer soll dann e weidert Gesetz gestëmmt ginn. Doran soll et ëm déi ekonomesch Gewalt goen, erkläert d’Elisabeth Margue. De Code penal géif schonn eng ganz Rei u Faiten ofdecken, dat heescht de Parquet ka Stand haut eng ganz Partie u Saache poursuivéieren.
“Et geet net nëmmen drëm déi Täter ze bestrofen, déi hir Frae schloen, mee och déi Täter, déi op eng Aart a Weis hir Frae souzesoen ofhängeg vun hinne maachen, andeems se eeben hinne keng Moyene ginn oder eeben si psychologesch harceléieren.”
Konkreet Iwwerleeunge ginn et scho fir Mineure besser ze schützen, wann ee vun den Eltere wéinst sexueller oder haislecher Gewalt beschëllegt gëtt - am Moment halen déi beschëllegt Eltere wärend der Enquête dacks hiert Erzéiungsrecht. Déi gréng Deputéiert Sam Tanson huet awer an der Chamber eng Propos virgeluecht, fir dat ze änneren.
Do géif een un deem nämmlechten Zil schaffen, esou d’Justizministesch. D’Elisabeth Margue fënnt awer, datt ee bei automatiséierte Reegele misst virsiichteg sinn. Fir si muss an all Fall als éischt e Riichter iwwer den Dossier kucken an dann iwwer d’Erzéiungs- a Besuchrecht decidéieren.
“Ech mengen, datt wann een Automatisme schaaft, muss (een) oppassen, datt een net och Mëssbrauch domat provozéiert.”
D’Ministesch ass optimistesch, datt een déi Punkten nach an dëser Legislaturperiod géif ëmsetzen.