De Beschëllegten huet haut um Mëttwoch ganz roueg gewierkt a gesot, d’Virwërf géife stëmmen. Hien hätt dat awer "net virsätzlech gemaach”.
Wéi de Mann ufänke wollt mat kräischen, huet d’Presidentin vum Geriicht hien direkt ënnerbrach: “Dat fonctionéiert hei net!” Den Ugekloten huet doropshi gemengt, hie wéilt sech entschëllege fir dat, wat hie gemaach huet.
No 5 Deeg huet de Mann gestanen
E Policekommissär sot aus, datt d’Fra hirem Mann eng Woch virum Mord vun engem anere Mann geschwat hätt, dee si kennegeléiert hätt. D’Koppel war zu deem Zäitpunkt 40 Joer zesummen an 31 Joer bestuet.
Bei Perquisitiounen, véier Deeg no der Dot, goufe Bluttspueren an der Sarg vun enger Dier vum Haus fonnt. Am Ufank hätt de Mann näischt zouginn, mee fënnef Deeg no der Dot hätt hien op eemol ugefaange mat schwätzen.
Virun der Dot scho Plazen erausgesicht
Nodeems e Polizist him sot, hie sollt keng Informatiounen zréckhalen, hätt hien d’Dot kuerz drop zouginn. Hien hätt seng Fra geschloen an erwiergt. Dono hätt hien hir Läich an e Bësch no beim Scheedgen gehäit, mat enger Dreckstut um Kapp. De Mann hätt gesot, zur Dot wier et aus Frust an net aus Jalousie eraus komm.
Dobäi war de Mann virun der Dot awer Plaze kucken, op deenen hien d’Läich entsuerge kéint.
Um Ufank vun der Sëtzung hat d’Me Martine Krieps, Affekotin vun den dräi Geschwëster vum Affer, jeeweils 30.000 Euro Schuedenersatz fir si gefuerdert.
Muer um Donneschdegmëtte geet dëse Prozess weider.