Radioen

On air

Moiesstudio  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Dot verjäert - den Trauma bleift e Liewe laang

Justiz a Gewalt u Fraen

Eng Dot verjäert - den Trauma bleift e Liewe laang

An de leschte 5 Joer goufen et knapp 788 Plainte wéinst Vergewaltegung. Just a fënnef Prozent vun de Fäll koum et zu enger Veruerteelung. Gëtt eng Fra Affer vu Gewalt, bleift den Trauma e Liewen laang. D’Täter hunn hir Strof iergendwann ofgesiess, wa si dann iwwerhaapt condamnéiert ginn.

auto_stories

7 min

headphones

9 min

play_arrow
Symbolfoto: Jo Diseviscourt

Dësen Artikel behandelt Sujeten an en Temoignage vun enger Fra, déi Gewalt erlieft huet a mat eis hir Erfarunge gedeelt huet. Hiren Numm gouf geännert an d’Stëmm gouf vun enger Schauspillerin nogeschwat. Dës Inhalter kënne verschidde Persoune belaaschten oder beonrouegen.

D'Justiz, mat villen Ännerungen déi lescht Joerzéngten am Code penal a mat nach ëmmer Schwieregkeete fir Affäre mat Verurteelungen ofzeschléissen: Dat ass ee vun den thematesche Schwéierpunkte vum radio 100,7 dëst Joer am Kader vum Internationalen Dag géint Gewalt u Fraen de 25. November, an der Orange Week. 

D'Beispill vun der Francine ass eng Ausnam. Si gouf virun iwwer 40 Joer Affer vu kierperlecher a sexueller Gewalt. Den Täter gouf deemools ugeklot a verurteelt. Eng Raritéit. Eis Journalistin Michelle Barthel huet mat hir geschwat.

D'Francine ass haut ufanks 60. Si ass bestuet a Mamm vu schonn erwuessene Kanner. Si ass déi éischt Persoun, déi op den Opruff vum radio 100,7 op de soziale Medie geäntwert huet. An hirem éischte Mail schreift si eis: "Ech wëll net déi Fra sinn, där dat geschitt ass". Mee si wëllt dozou bäidroen, anere Betraffenen de Courage ze gi bei d'Police ze goen.

"Geriichtsaffären zären un engem"

Si huet eng staark Perséinlechkeet an eng waarm Ausstralung. Mat sécherer Stëmm betount si ëmmer erëm: D’Schold läit ni beim Affer!

"Et muss ee probéieren, datt den Täter bestrooft gëtt. Also datt deen net einfach esou dovu kënnt. Déi Saach mat der Plainte ass awer natierlech déi - wann d’Persoun duerno net schëlleg gesprach gëtt, da seet ee sech 'wisou hues du dat alles iwwer dech ergoe gelooss?'. Well déi ganz Geriichtsaffären, déi Prozesser, déi zären un engem. Dat ass keen Zockerschlecken.”

D’Francine schwätzt aus eegener Erfarung. Si war 16 Joer al, wou hiren deemolege Scoutechef enges owes probéiert huet si ze vergewaltegen.

"Hien huet ëmmer weider insistéiert"

Hien ass dee Moment Enn 20, bestuet mat enger 19-Järeger Schülerin, déi e Kand vun him erwaart.

No engem Weekend bei de Scouten ass et sonndes owes, an d'Francine kritt kee Bus méi. Hie proposéiert si heem ze féieren. Ënnerwee am Auto fuerdert hien e Kuss vun der Francine an. Si wëllt net.

"Hien huet ëmmer weider insistéiert fir dee Kuss ze kréien. An ech hunn déi ganz Zäit gesot ‘ech well dat net. Féier mech heem’. An dunn hunn ech iergendwéi gemierkt, lo muss de awer probéieren, ech hu geduecht, wann s de him elo Nee sees an him och net just sees et ass, well s du bestuet bass oder gläich Papp gëss, mee ech wëll och näischt vun dir. Also dat war ganz kloer.”

Hien hält net op. Ëmmer erëm freet hien d’Francine, ob si scho sexuell Erfarunge gemaach hätt.

Spéiderhi gëtt d'Francine gewuer, datt hie speziell jonk Meedercher ouni sexuell Erfarunge gesicht huet.

"Ech hu gemierkt: Du kënns lo net einfach esou eraus"

Hie fänkt un dat deemools 16-järegt Meedchen unzepaken. An do gëtt et der Francine bewosst: Deen do wëllt méi.

"Ech weess et net. Ech sinn a Panik geroden a wou en eng Kéier bësse méi lues gefuer ass, do wollt ech einfach aus dem Auto sprangen. Also ech hu gemierkt: do kënns du lo net einfach esou eraus, dee léist dech elo net a Rou. Ech war awer ugestréckt. Ech hat mech natierlech net lass gestréckt, an ech hunn einfach an der Panik d’Dier opgemaach. An do huet e mech zeréckgezunn."

Hie mécht d’Kéier a fiert an e Feldwee eran.

"Ech hat wierklech Doudangscht"

D’Francine probéiert eng zweete Kéier fortzelafen. Si jäizt no Hëllef.

"Et war zwar e bëssen onnëtz, well wéi gesot et war kee Mënsch wäit a breet. Et war e Feldwee."

Hie péckt si um Hals a seet: "Wann s du net ophäls mat jäizen, da bréngen ech dech ëm." Elo weess d’Francine: "Du kanns dech elo net méi wieren, entweder du gëss vergewaltegt oder ëmbruecht."

"Et ass dat, oder e bréngt dech ëm. Ech hat wierklech Doudangscht."

Déi eenzeg Gedanken am Kapp vun der Francine: Wéi kënns du hei nees eraus? A wat geschitt duerno? Wäert et bei enger Vergewaltegung bleiwen oder bréngt hie si duerno ëm?

"Elo oder ni"

Éier hie méi wäit goe kann, gesäit si am Réckspigel, datt en aneren Auto am Feldwee stoe bleift.

"An ech hu geduecht: Elo oder ni. An du sinn ech rëm rausgerannt bei deen Auto. Ech hunn haart ëm Hëllef geruff. Et war net wäit, 20-30 Meter."

Am Auto waren zwee jonk Männer. Su hunn d'Francine an hiren Auto gesat. Ee vun de Männer huet den Täter ugehalen.

"Deen ass nämlech erausgeklommen. Deen huet dat net verstanen. E sot: "Firwat leefs de fort? Et war dach grad sou schéin."

"O, dat ass jo eng flott Positioun"

Déi zwee Männer aus dem Auto halen den Täter fest a ruffen d’Police. D'Francine gëtt am Spidol ënnersicht a kann an der Nuecht heemgoen. Den Dag drop kommen zwee jonk Polizisten hir Ausso ophuelen.

"Do kann ech mech drun erënneren, un eng Remark, déi ech wierklech guer net appreciéiert hunn. Si hunn eben do zimmlech Detailfroe gestallt. Hien huet gefrot: 'Wéi souzt Dir dann am Auto?' Ech hunn em erkläert, wéi mir eben do souzen. An do huet hie just gesot: 'O, dat ass jo eng flott Positioun'."

5 Joer Droits civils gespaart: Fir d'Francine net genuch

D’Affär kënnt op d’Geriicht. Den Täter gëtt verurteelt.

"E krut 5 Joer d’Droits civils gespaart, dat heescht, en huet net dierfe wiele goen. Ech weess net genau, wat dorënner fält. A vläicht eng Geldstrof. Mee déi Geldstrof geet dee Moment jo un de Staat."

Hie gëtt net wéinst Vergewaltegung verurteelt, seet d’Francine haut. Fir si ass dat Urteel net genuch. 

"Mee wat ech am Fong geduecht hunn, wat méi streng géif bestrooft ginn, dat waren déi Morddroungen. Datt e mech sequestréiert huet, datt e mech am Auto agespaart huet a mech do wollt ëmbréngen. Ech hunn dat am Fong als méi gewalttäteg fonnt, wéi dat sexuellt."

"Ech hat den Androck, si wiere rose mat mir"

Nom Geriichtsprozess wëllt d'Francine zeréck bei d'Scoute goen. Si kritt awer deemools gesot "et wier besser, wann s du net méi géifs kommen".

"An do hat ech den Androck, wéi wa si rose mat mir gewiescht wieren."

Wéi wann et hir Schold gewiescht wier, datt d’Scouten e gudde Chef verluer hätten.

"Den Trauma verjäert net"

No iwwer 40 Joer gesäit d’Francine den Täter an der Stad erëm. An hir kënnt puer Panik op. Dat obwuel si eng Traumatherapie hanner sech huet an hiert Liewe gutt am Grëff huet.

Deen Trauma, deen hir viru Joerzéngten ugedoe gouf, sëtzt ëmmer nach ënner der Uewerfläch.

"Den Trauma, dee verjäert net, an d’Gesellschaft an och d’Justiz solle sech dees bewosst sinn, datt den Trauma och mat psychologescher Betreiung ëmmer bleift, an datt dee leider net verjäert."

Lauschterenplay_arrow

Wann Dir selwer Affer vu Gewalt gi sidd, oder eng Persoun kennt, déi Affer gouf, gëtt et Ulafstellen, un déi Dir Iech wende kënnt:

Violence.lu

HOME - Femmes en détresse A.S.B.L.

Umedo - Unité médico-légale de documentation des violences

D'accueil - Planning Familial

Alupse - Association Luxembourgeoise de Pédiatrie Sociale