D'Täter hätten hir dräi Affer mat engem Messer bedreet an hätten och gedreet, hinne Gewalt unzedinn, wa si d‘Jackett an d‘Telefonen net géifen erausréckelen a wa si d‘Police géife ruffen, esou nach de Parquet a sengem Schreiwes.
D‘Police konnt séier ee vun de Verdächtegen identifizéieren. Dobäi handelt et sech ëm e Mannerjärege vu knapp 17 Joer. Bei enger Perquisitioun bei him doheem goufen déi geklaute Jackett an den Handy fonnt.
Well keng Plaz an der Unisec fir Jonker zu Dräibuer war, koum de Jonken an den Erwuesseneprisong op Schraasseg.