Déi russesch Walkommissioun hat gëschter Owend gemellt, datt de Wladimir Putin als President erëmgewielt gi wier. Russland hat haut virun zéng Joer d’Krim annektéiert, an de 24. Februar 2022 hat de russesche Krich géint déi ganz Ukrain ugefaangen.
Yves Cruchten: "Eng Farce"
Deen anere Vize-President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun, den Yves Cruchten, schwätzt vun enger “Farce”: Vu Wale kéint een net schwätzen.
Et wier eng “Mise en scène” gewiescht, fir déi nächst Attacken, déi Russland op seng Nopeschlänner wëlles hätt, seet den CSV-Deputéierte Christophe Hansen. Béid Lëtzebuerger Politiker sinn der Meenung, datt de Wladimir Putin een Diktator ass.
D’Aussoe vum Wladimir Putin zu engem Konflikt mat der NATO an dem Risiko vun engem Drëtte Weltkrich misst een eescht huelen, mee et dierft ee sech net aschüchtere loossen, betount den Yves Cruchten.
Christophe Hansen: 2014 hätt een aneschters misse reagéieren
D’Fro, wéi de Weste sech an Zukunft vis-à-vis vu Russland soll verhalen, huet den CSV-Deputéierten a Vizepresident vun der aussepolitescher Chamberkommissioun kloer beäntwert. Et misst ee sech solidaresch mat deene weisen, déi vu Russland ugegraff ginn, ënnersträicht de Christophe Hansen.
"Am Nachhinein kann een dat soen, et ass ee Feeler, datt mir 2014 net méi resolut hanner der Ukrain stoungen, well och do ass déi territorial Integralitéit vun engem Land violéiert ginn. An dat ass net fir déi éischte Kéier, an et ass warscheinlech och net fir déi leschte Kéier, wa mir et net fäerdeg bréngen, Russland aus der Ukrain och ganz komplett erauszekréien."
Xavier Bettel: Westlech Truppen an der Ukrain "déi lescht Solutioun"
De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel huet haut nach eng Kéier kritiséiert, datt a Russland keng Konkurrenten zougelooss waren, a keng Walobservateuren toleréiert waren.
Zur Fro, ob NATO-Buedemtruppen an d’Ukrain solle geschéckt ginn - an no de rezenten Aussoen dozou vum franséische President Emmanuel Macron - huet de Xavier Bettel de Moien um Bord vum EU-Ausseministerconseil zu Bréissel gesot, datt hien alles géing maachen, fir datt dat déi lescht Solutioun wier.
"Well wa mir Truppe schécken, heescht dat automatesch, datt awer nees een neie Konflikt do ass, an datt mir och Deel vun deem Konflikt sinn."