An der Stad géif een dat virun Allem observéieren, datt do relativ wéineg auslännesch Residentë liewen déi zanter méi ewéi 20 Joer am Land sinn. Dat präziséiert de Frédéric Docquier, zoustännege beim LISER fir Cross Border Etüden.
D’Etüd déi op Grond vum leschte Recensement realiséiert gouf, huet erginn, datt d’Migranten déi scho méi ewéi 20 Joer laang zu Lëtzebuerg sinn éischter am Süde vum Land an am Nord-Oste vun der Stad no bei der däitscher Grenz liewen, erkläert de Frédéric Docquier. Dat géif weisen datt et ee residentiellen Integratiounsprozess gëtt.
Staark Differenze jee no Nationalitéiten
Et ginn awer och staark Differenze wann een déi eenzel Nationalitéiten ënnert d’Lupp hëlt.
Déi méi rezent Migrante komme meeschtens aus net Europäesche Länner, oder aus dem Recht vun der EU, wann een d’Awunner aus de Nopeschlänner oder d’Portugisen eraushëlt. Déi déi aus Portugal kommen, dominéiere bei de Migranten déi méi ewéi 20 Joer am Land sinn.
Migrante vun der zweeter Generatioun verhale sech änlech wéi d’Lëtzebuerger
Déi zweet Generatioun vu Migrante verhält sech änlech ewéi gebierteg Lëtzebuerger, präziséiert de Frédéric Docquier:
“Pour la deuxième génération, l'on parle de natifs, donc des gens qui sont nés au Luxembourg, mais qui ont au moins un parent qui n'est pas né au Luxembourg. Là, on retrouve des similarités avec les natifs qui sont nés de deux parents luxembourgeois. Par exemple, le fait que la ville de Luxembourg se vide des natifs, ce phénomène, on le retrouve aussi chez les résidents de la deuxième génération. Ils sont très peu présents dans la ville de Luxembourg, dans la capitale."
Fir de Recht wieren déi awer manner an de Gemengen uechter d'Land verstreet. Haaptsächlech géife Persounen aus der zweeter Generatioun am Süden an am Nordoste vum Land liewen, notéiert de Frédéric Docquier
"Et de nouveau, cela reflète un effet de composition. Beaucoup de cette deuxième génération sont des descendants de la communauté portugaise et ils se retrouvent finalement dans les endroits où les portugais sont arrivés. Il y a donc une certaine persistance dans les schémas de localisation entre les générations."
Lëtzebuerger an Auslänner liewen zesummen
An där Etüde gouf ee sougenannten indice de ségrégation spatiale tëscht Lëtzebuerger a Migranten ausgerechent. Segregatioun heescht datt een net an de selwechte Quartiere bannent enger Gemeng lieft. Am Allgemenge kann ee soen datt déi Trennung staark ass wann deen Indice tëscht 0,5 an 1 leit. D’Segregatioun ass éischter moderat wann deen Indice tëscht 0,25 an 0,5 läit. Drënner ass et eng liicht geografesch Trennung, erkläert de Frédéric Docquier. Markant a positiv ass, datt Auslänner a Lëtzebuerger zesumme liewen:
“On a été frappé de voir qu’en moyenne la ségrégation spatiale est faible à modérée dans toutes les communes. L’indice se situe en dessous de 0,25 dans 98 communes sur 100 et entre 0,25 et 0,5 dans seulement deux communes, Winseler et Bourscheid."
Dat wier e gutt Zeeche fir e Land, wou d'Integratioun vu Migranten eng national Prioritéit wier, präziséiert de Frédéric Docquier.