Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerger Schwéngsziichter: De Secteur soll rëm opgewäert ginn

Landwirtschaft

Lëtzebuerger Schwéngsziichter: De Secteur soll rëm opgewäert ginn

D’Vereenegung vun de Lëtzebuerger Schwéngsziichter hat eng Entrevue mat der Agrarministerin Martine Hansen. De Secteur stécht zanter der Pandemie an enger déiwer Kris. D'Präisser wieren immens erof gaangen.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Schwäin am Camion | © picture alliance / Countrypixel | FRP play_arrow
Schwäin am Camion (Foto: picture alliance / Countrypixel | FRP)

D’Präisser déi zu Lëtzebuerger praktizéiert ginn, hänke vum Däitsche Marché of. Déi sinn awer zanter der Pandemie extrem erofgaangen.

Derbäi kënnt datt d’Subventioune fir de Bau vun neien Infrastrukture fir Schwäiställ, ënnert der leschter Regierung dann nëmmen accordéiert goufe wann et sech em Bio-Schwéngsproduktioun-Anlage gehandelt huet.

Den Eric Pesch, President vu Cochy, der Associatioun fir d'Promotioun vum Schwéngefleesch erkläert, datt d'Schwéngsziichter alleguer, souwuel konventionell, wéi Bio, wéi Maascht iwwer Investitiounshëllefe weider ënnerstëtzt ginn.

"Wat mer och nach fuerderen, dat ass, dass de Schwéngssecteur seng Positioun behält an dobaussen erëm opgewäert gëtt an net nëmmen als Ëmweltverpeschter duergestallt gëtt."

Ausso vum Eric Pesch lauschterenplay_arrow