Radioen

On air

Spektrum  |  Antoine Bourachot - Traveling

play_arrow Live
search

/ Lëtzebuerger Flüchtlingsrot: Ouni d'Cartitas gi wichteg Kompetenze verluer

Finanzskandal bei der Caritas

Lëtzebuerger Flüchtlingsrot: Ouni d'Cartitas gi wichteg Kompetenze verluer

Mat der Caritas géife wichteg Kompetenzen an Erfarungswäerter verluer goen, wann d’Hëllefsorganisatioun net kéint weider gefouert ginn, fäert de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot. Dat, nodeems de Premier Luc Frieden annoncéiert hat, datt de Staat fir de Moment keng Sue méi un d’Hëllefsorganisatioun wäert iwwerweisen, well ee kee Vertraue méi an de Management hätt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

Virun allem am Beräich vun der Integratioun vu Refugiéen an den Aarbechts- oder dem Logementsmarché géif d’Caritas eng Aarbecht maachen, op déi een net kéint verzichten, esou d’Laura Zuccoli vum LFR. An och d’Betreie vu Flüchtlingsheemer misst geséchert ginn.

"Wann de Staat esou Associatiounen déi Prise en charge gëtt, da muss e jo och deenen Associatiounen déi Ressource garantéieren. A wa se enger Associatioun dat elo wëllen zréckzéien, da muss ee jo awer kucken, wien déi prise en charge dann awer weider feiert."

Doriwwer eraus hätt de Staat jo virun enger Zäit deklaréiert, datt seng Asylstrukture saturéiert wieren. Wann d‘Caritas déi Aarbecht net méi finanzéiere kéint „da wier dat natierlech dramatesch, a mir mengen och dass do de Staat absolut seng international Obligatiounen muss ausfëllen“.

Op eng aner Struktur aus dem Lëtzebuerger Flüchtlingsrot kéint d’Aktivitéiten iwwerhuelen, dozou konnt d’Laura Zuccoli bis ewell nach näischt soen.

Wichteg Erfarungswäerter déi erhale misste ginn

D’Caritas hätt a ville verschiddenen Domänen Erfarungswäerter, déi fir si, als Lëtzebuerger Flüchtlingsrot ganz wichteg wieren. Caritas hätt den Exercice gemaach, déi ënnerschiddlech Aspekter déi ënnert anerem um Gebitt vun der Refugiésbetreiung néideg sinn, mateneen ze verbannen, esou d’Laura Zuccoli. An enger Struktur géif d‘Caritas zum Beispill mat Mineurs accompagnés schaffen.

„ An dat si Saachen déi hu si jo schonn iwwer Joren opgebaut. Dat heescht do ass jo eng Kompetenz déi besteet, do sinn Erfarungswäerter bestinn. Do gi Formatioune gemaach, zum Beispill dans la peau d’un Réfugié.“

D’Caritas betreit Refugiéen och bei der Sich no Wunnengen an no enger Aarbecht, virun allem jonk Flüchtlinge kënne bei der Caritas ee Beruff léieren. Och bei hinnen herrscht Ongewëssheet, sou d’Laura Zuccoli.

Ongewëss Zukunft fir 500 Leit vum Personal

Déi selwecht Froe géif sech de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot och fir d’Personal stellen. Bal 500 Leit schaffe fir den Ament fir d’Caritas.

Ob et eng Organisatioun beim LFR gëtt, déi noutfalls kéint d’Aktivitéite vun der Caritas weiderféieren, am Fall wou dat gebraucht géif ginn, dozou kéint ee fir de Moment näischt soen, esou nach d’Laura Zuccoli.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft