Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg investéiert zwou Milliounen Euro fir laotescht rout Kräiz

Aarbechtsvisitt am Laos

Lëtzebuerg investéiert zwou Milliounen Euro fir laotescht rout Kräiz

Lëtzebuerg investéiert weider ronn dräi Milliounen Euro an d'Entwécklungszesummenarbecht mam Laos.
De Xavier Bettel huet op senger Aarbechtsvisitt am Laos den entspriechenden Accord mam laotesche Minister fir Investissementer a Planung ënnerschriwwen.

auto_stories

1 min

Den Austauschprogramm tëschent der Uni.lu an der Universitéit am Laos gëtt ëm eng Millioun Euro erhéicht. Weider investéiert Lëtzebuerg op Demande vum laotesche Gesondheetsministère ronn zwou Milliounen Euro a speziell Frigoe fir Bluttreserven, déi dann dat laotescht rout Kräiz kritt. Ausserdeem soll eng Etude lancéiert gi fir d'Situatioun vum Gesondheetssecteur am Laos ze analyséieren, dës kascht 200.000€, erklärt de Xavier Bettel:

“Ech mengen, datt mir hei lues a lues kleng Schëtter maachen, a wichteg Richtungen, déi fir béid Säiten net onwichteg sinn. Ech hunn hinne rappelléiert, datt et Steiergelder sinn déi ech hei uvertraut krut. Et ass am Interêt vu béide Säite fir d’Credibilitéit vun der Kooperatiounsaarbecht, datt déi Suen op der richteger Platz ukommen an och eppes dengen. An dat hu mir lo hei um Terrain gesinn datt déi Sue gebraucht ginn. An, datt et en Invest am Land ass mee eben och an d’Leit."


Ausso lauschterenplay_arrow