search

/ Lëtzebuerg a Japan wëllen hir Kooperatioun am Beräich Digitaliséierung ausbauen

Wirtschaft

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Lëtzebuerg a Japan wëllen hir Kooperatioun am Beräich Digitaliséierung ausbauen

Zu Osaka huet d'Ministerin fir Digitaliséierung Stéphanie Obertin de Pavillon vun der japanescher Firma NTT besicht, eng vun de gréissten ICT-Firmaen a Japan, déi och e Büro zu Lëtzebuerg huet.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
D'Digitaliséierungsministerin Stéphanie Obertin bei der Entreprise NTT a Japan | © SIP / Emmanuel Claude
D'Digitaliséierungsministerin Stéphanie Obertin bei der Entreprise NTT a Japan (Foto: SIP / Emmanuel Claude)

Lëtzebuerg kann als klengt Land keng riseg Quantitéiten un Date generéieren, dofir awer high quality Data, dofir wier et wichteg esou Firmen, déi un der Spëtzt vun der Technologie stinn, zu Lëtzebuerg ze hunn an de Kontakt och weider auszebauen, esou d'Stéphanie Obertin. Japan hätt déi selwecht Mentalitéit wéi Lëtzebuerg a wat Dateschutz a Privatsphär ugeet, esou d'Ministerin.

"D'Date sinn ee wichtegt Element fir mat KI kënnen ze schaffen an dofir ass den Austausch mat Japan ganz wichteg."

Virun Osaka war d'Digitaliséierungsministerin och an der japanescher Haaptstad Tokio, wou si ënner anerem d'Universitéit Sophia besicht huet. Si huet och Missioune vum Wirtschaftsminister Lex Delles iwwerholl, deen net mat a Japan konnt kommen.

"Mir hunn Echangë gehat a probéiert nei Kooperatiounen opzebauen. Mir hu scho mat verschidden Universitéiten a Studenten Austausch a mir hu Kooperatioune mat Fuerschungsinstituter, wéi z. B. mam LIH, wou scho Projete lafen, z. B. am Beräich Parkinson."

Dës Rees wäert op alle Fall och e Suivi hunn, esou d'Ministerin fir Digitaliséierung, Héichschoul a Recherche, an der Fuerschung, mee och mat den Unien, do soll den Austausch vu Lëtzebuerger a japanesche Studente weider ausgebaut ginn.

D'Stéphanie Obertin war och beim Space-Nomëtteg am Lëtzebuerger Pavillon op der Expo 2025 dobäi, wou och de Grënner a CEO vun der japanescher ispace-Firma present war. Déi echouéiert gemeinsam Moundmissioun mam Lëtzebuerger Rover u Bord vum japanesche Lander soll net déi lescht gewiescht sinn. Déi nächst Moundmissioun, och erëm mat Lëtzebuerger Kooperatioun, soll nach virun 2030 sinn, esou de CEO vun ispace Takeshi Hakamada.

play_arrow Lauschteren