De System, dee Bedruchsversich erkennen an erausfiltere sollt, wier Enn leschter Woch offenbar "komplett oder gréisstendeels" ausgefall, esou d‘Süddeutsche Zeitung haut. Doduerch wieren all d‘Ofbuchungen ongefiltert un d‘Banke weidergeleet ginn. Déi hätten der dunn am zweestellege Milliardeberäich gestoppt, esou d‘SZ.
Eng Spriecherin vu Paypal huet confirméiert, datt et Problemer gouf. Déi zoustänneg Autoritéite wieren informéiert ginn, esou ee Spriecher vun der Spuerkeess an Däitschland. Well Paypal säin Europasëtz zu Lëtzebuerg huet, ass net déi däitsch Bankenopsiicht, mee d‘Lëtzebuerger Autoritéiten zoustänneg.
Déi dierft eenzel Dossieren net kommentéieren, heescht et op Nofro hin. D‘CSSF betount awer, datt se den Ament a kenge „gréisseren Incidenten“ géif agräifen.
Konsumenteschützer an Däitschland hunn den Notzer geroden an hirem Paypal Konto ze iwwerpréiwen, ob onrechtméisseg Suen ofgebucht goufen oder net.
Krimineller probéieren ëmmer erëm, Banken a Finanzdéngschtleeschter wéi Papypal auszetricksen a Sue vun den Notzer:innen hire Bankkontoen ofzebuchen. Konsumenteschützer roden den Notzer:innen. an hirem Paypal Konto ze iwwerpréiwen, ob onrechtméisseg Suen ofgebucht goufen oder net.