Wéi ee Land laut dem Léon Gloden statesch op Haaptverkéiersaxen Grenzkontrollen duerchféieren géif, huet hien a sengem Bäitrag net präziséiert.
An engem Interview mat enger Newsletter vun der brittescher “Financial Times” hat den CSV-Minister uginn, Lëtzebuerg hätt keng Problemer mat der Belsch a mam Frankräich. Mat Däitschland awer schonn.
Méi schaarf Kritik
Do war och seng Kritik un der Europäescher Kommissioun méi däitlech ausgefall.
Si hätt an dësem Dossier “komplett versot”, esou de Minister an deem Interview. Doduerch, datt d’Kommissioun näischt géint d’Kontrollen ënnerhëlt, géif si toleréieren, datt se zur Reegel ginn, esou de Minister méi moderéiert a sengem Meenungsbäitrag. D’Europäesch Kommissioun kéim hirer Aufgab, iwwer d’EU-Verträg ze waachen, net no.