Déi däitsch Politik an och d’Police weist sech zefridde mat de Resultater vun de Kontrollen. Mee an der Relatioun tëschent Däitschland a Lëtzebuerg hunn d’Grenzkontrollen an de leschte 15 Méint ëmmer nees fir Tensioune gesuergt.
Eng Gedoldsprouf am Feierowendverkéier
Eespuereg Autobunn, Vitesslimitatioun op 20 Kilometer an der Stonn an dat och zu den Haaptverkéierszäiten. D’Grenzkontrolle ware virun allem fir déi ronn 50.000 däitsch Frontalieren am Feierowendtrafic eng Gedoldsprouf.
"Grenzkontrollen ist absoluter Scheissdreck. Die Leute wie ich stehen zweieinhalb Stunden da im Stau und bringt ja aber nix. Und abends, nachts, da steht keine Sau da."
Eng Situatioun, déi verheelte Wonnen aus der Corona-Pandemie erëm opgerappt huet. No Joerzéngten oppe Grenzen am Schengenraum war et déi zweete Kéier bannent kuerzer Zäit, datt Däitschland seng Grenze kontrolléiert. Lëtzebuerg hat vun Ufank u géint d’Grenzkontrolle protestéiert.
Lëtzebuerg wiert sech op EU-Niveau
Wéi Däitschland dunn am Februar dëst Joer d’Grenzkontrolle verlängert huet, gouf et dem Léon Gloden ze vill. Am Numm vu Lëtzebuerg huet hien eng Reklamatioun bei der EU-Kommissioun agereecht.
"Dat ass juristesch a politesch e ganz seriöen Akt, wa mir als Land bei der Europäescher Kommissioun par Rapport zu engem Memberstaat, wat och nach en Nopeschland ass, reklaméieren."
Och mat der grousser Koalitioun, déi zënter Fréijoer am Amt ass, goufen d’Grenzkontrollen net opgehuewen - am Géigendeel.
Gouf Schengen doutgemaach?
Am Mee goufen d’Kontrollen op de Grenzen intensivéiert. Een Dar am Ae fir d’Leit aus der Schenge-Regioun. Um 40. Joresdag vum Schengenaccord am Juni gouf et vill Kritik. Ënner anerem vun de Ministere Xavier Bettel a Lex Delles - an och vun de Buergermeeschtere vun de Grenzgemengen.
D’Gréiwemaacher Buergermeeschtesch Monique Hermes war guer net frou iwwer d'Grenzkontrollen.
"Et ass wierklech erëm eng Kéier Schengen quasi doutgemaach. Schengen huet fir fräi Grenze plädéiert an elo komme Grenzkontrollen. An eenzele Fäll kéint ech se verstoen, mee datt muss systematesch jiddereen ënnersicht ginn, fannen ech net an der Rei."
Ënnerstëtzung kruten d’Lëtzebuerger Politiker och aus Däitschland. Ënner anerem déi saarlännesch Ministerpresidentin Anke Rehlinger an den Tréierer Buergermeeschter Wolfram Leibe hu sech géint Grenzkontrollen ausgeschwat.
"Wir leben in Europa. Wir haben uns daran gewöhnt, dass wir offene Grenzen haben. Und es gibt klügere Methoden, als an der Autobahn junge Bundespolizisten aufzustellen, die kontrollieren."
Den 1. August goufen op d'mannst d’Grenzkontrollen op der Saarautobunn méi flexibel gestalt. Doduerch sinn d’Eespueregkeet an d’Vitesslimitatioun vun 20 Kilometer an der Stonn ewechgefall. An der Konsequenz koum et och zu manner Stau. An och aner Grenziwwergäng goufen éischter sporadesch kontrolléiert.
En Enn vun de Kontrollen a Siicht
Lëtzebuerg waart allerdéngs nach ëmmer op en Avis vun der EU-Kommissioun als Äntwert op d’Reklamatioun vum Februar.
Op eis Nofro hin huet den Inneministère Ufank Dezember matgedeelt, datt d’EU-Kommissioun an Aussiicht gestalt hätt, den Avis deemnächst ze publizéieren.
De Léon Gloden hat der EU-Kommissioun och Ufank Dezember virgehäit an dësem Dossier "komplett versot" ze hunn. Ëmsou méi frou wier hie gewiescht, wéi den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz bei enger Visitt a Rheinland-Pfalz en Enn vun de Grenzkontrollen an Aussiicht gestallt huet.
"Ech war jo de Méindeg um Conseil vun den Inneministeren zu Bréissel. Ech hunn do nach eng Kéier Drock gemaach. Nodeems mir jo elo den Asylpakt decidéiert hunn an eis och eens gi sinn iwwer d'Solidaritéitsklausel an iwwer de Projet vun dem Reglement iwwer d’Retouren, hunn ech nach eng Kéier kloer gesot, et ass jo awer elo wierklech de Moment, fir dann och déi Grenzkontrollen opzehiewen."
Wéini genee d’Grenzkontrollen op en Enn kéinte kommen ass nach net gewosst. Den Ament ass virgesinn, datt d’Kontrollen nach bis de 15. Mäerz en place sinn.