arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz perséinlecher Visitt: Keng Zousoe vun EU-Kommissioun u Léon Gloden

GRENZKONTROLLEN

|
headphones

5 min

headphones

2 min

play_arrow

Trotz perséinlecher Visitt: Keng Zousoe vun EU-Kommissioun u Léon Gloden

Bréissel leet sech weider net drop fest, wéini d'Lëtzebuerger Regierung eng Äntwert op hir Reklamatiounen iwwer déi däitsch Grenzkontrolle kritt. Dorun huet och eng Entrevue vum Inneminister Gloden mam EU-Kommissär Brunner näischt geännert. Den CSV-Minister huet dorop roueg reagéiert.

headphones

5 min

headphones

2 min

play_arrow
De Léon Gloden (lénks) an de Magnus Brunner (riets) | © EPP/X
De Léon Gloden (lénks) an de Magnus Brunner (riets) (Foto: EPP/X)

De Lëtzebuerger Inneminister hat e Méindeg eng Entrevue mam EU-Kommissär fir dat Bannescht an d’Migratioun, dem Magnus Brunner zu Bréissel.

Déi däitsch Regierung hat déi lescht Woch annoncéiert, d’Kontrollen op de Grenzen ënner anerem mat Lëtzebuerg nach emol ze verlängeren.

Léon Gloden presentéiert Lëtzebuerger Reklamatioune perséinlech beim EU-Kommisär

Nodeems Däitschland déi Verlängerung, esou wéi dat an de Reegele vum Schengenraum virgesinn ass, bei der Europäescher Kommissioun zu Bréissel notifiéiert huet, wier hie perséinlech op Bréissel komm, esou de Léon Gloden am 100,7-Interview.

"Mir hunn nach eng Kéier eis Reklamatioun, baséierend op deene viregte Reklamatiounen, ofginn."

D’Kommissioun muss de Reegelen no am Fong dorop äntweren, mécht dat awer zënter iwwer engem Joer net.

Och am Oktober zejoert hat de Magnus Brunner no enger Entrevue mam Léon Gloden um Bord vun enger Reunioun vun den Inneministeren aus de 27 EU-Länner de Lëtzebuerger Minister vertréischt a sech och op eis Nofro hi geweigert, een Datum fir eng Äntwert ze nennen. 

EU-Kommissär: Keen Datum fir eng Äntwert a keng Zousoen iwwer de Contenu

Elo hätt den éisträicheschen EU-Kommissär him verséchert, “datt déi elo an den nächste Wochen dann definitiv soll kommen”.

Een Datum hätt hien awer net genannt. Och Zousoe vum EU-Kommissär doriwwer, wat konkreet an deem Avis dra stoe soll, gouf et keng.  

"Mir hunn net iwwer de Contenu vum Avis geschwat."

Lëtzebuerg huet konkreet Erwaardungen un deen Avis.

An den Ae vun der Regierung muss d’Kommissioun dora festhalen, datt d'Krittären, fir dierfe Kontrollen am Schengenraum anzeféieren, net erfëllt sinn. 

Et géif zwar illegal Immigratioun ginn, mee net op der däitsch-Lëtzebuerger Grenz, esou de Léon Gloden.

Brunner seet Merci op X

Dat hätt hien dem Här Brunner nach emol gesot. Hien hätt och drun erënnert, datt d’Kommissioun senger Meenung no hirer Roll net gerecht gëtt.

"Ech hunn him ze verstoe ginn, datt d'Kommissioun d'Gardienne vum Traité ass, an datt een awer hei muss feststellen, datt si hir Roll net esou ausfëllt, wéi mir dat an den Traitéë virgesinn hunn, datt et also och ëm d'Kredibilitéit vun der Kommissioun geet."

D’Kommissioun huet bis elo nach ni an engem vun hiren Avise Länner op d’Plaz gesat.

De Magnus Brunner huet dem Lëtzebuerger Minister um soziale Reseau X Merci fir seng Visitt gesot. 

D’Zesummenaarbecht mat de Memberlänner wier ganz wichteg, besonnesch bei den temporäre Grenzkontrollen, esou den Éisträicher.

Déi Kontrollen dierften de Mënsch an de Verkéier esou wéineg wéi méiglech beanträchtegen, wärend ee weider dru schafft, datt se net méi noutwenneg sinn.

Léon Gloden reagéiert positiv

Och de Léon Gloden zitt ee positive Bilan.

 “Ech hu wierklech d'Impressioun, datt den Här Brunner Versteesdemech do huet.”

Et misst een ofwaarden, wat an deem Avis steet.

Datt et dauert bis den Text virläit, kéint och eppes mat verschiddene Walen an Däitschland ze dinn hunn. 

Där Fro wäicht de Lëtzebuerger Minister, deen europäesch gesinn déi nämmlecht Parteikaart wéi den däitsche Kanzler Friedrich Merz an den éisträicheschen EU-Kommissär Magnus Brunner huet, aus.

“Politik ass ëmmer spannend”,  äntwert de Léon Gloden.

Lëtzebuerg setzt keen aneren Hiewel un

Kuerz no der Entrevue mam Magnus Brunner souz den CSV-Politiker op enger EVP-Reunioun direkt nieft dem EU-Kommissär um Podium, fir iwwer "déi extern Dimensioun vun der Migratioun" ze schwätzen.

Am 100,7-Interview betount de Léon Gloden iwwerdeems nach emol, datt Lëtzebuerg, egal wéi deen Avis vun der EU-Kommissioun ausfält, net wäert ee Schratt weidergoen.

"Meng Äntwert bleift ëmmer déi selwecht: Mir wäerten net virum Europäesche Geriichtshaff géint e Partnerland wéi Däitschland kloen."

Déi Ausso dierft natierlech och deene bekannt sinn, déi an der Kommissioun amgaange sinn, um Text ze feilen.  

Een Datum, bis wéini hiert Schreiwes virleie wäert, wollt hire Spriecher iwwerdeems och eis géintiwwer net maachen.

play_arrow Lauschteren