arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Friedrich Merz seng Allianz fir de Kampf géint den EU-Budgetsplang

EU-Budget 2028-2034

|
reading time

2 min

Dem Friedrich Merz seng Allianz fir de Kampf géint den EU-Budgetsplang

Den däitsche Kanzler Friedrich Merz mécht gemeinsam mat fënnef weideren EU-Regierungscheffe Front géint déi geplangte Vergréisserung vum EU-Budget fir d’Joren 2028 bis 2034.

reading time

2 min

Christian Stocker, Mette Frederiksen, Friedrich Merz a Petteri Orpo | © EPA/HANNIBAL HANSCHKE
Christian Stocker, Mette Frederiksen, Friedrich Merz a Petteri Orpo (Foto: EPA/HANNIBAL HANSCHKE)

Däitschland, Holland, Dänemark, Éisträich, Finnland a Schweden si sech eens, datt de Budget géintiwwer der Propositioun vun der EU-Kommissioun ëm e puer honnert Milliarden Euro misst gekierzt ginn. De Friedrich Merz huet haut zu Berlin gesot:

„Und diese Kürzungen werden alle Bereiche betreffen müssen“

Déi sechs EU-Staate wëllen elo mat enger gemeinsamer Positioun an d'Verhandlungen zu Bréissel goen.

Geplangten 1,76 Billiounen Euro fir d'EU

Fir d'Joren 2028 bis 2034 proposéiert d'EU-Kommissioun e Budget vu ronn 1,76 Billiounen Euro. Domat solle verschidde Beräicher finanzéiert ginn, ënner anerem d'Verdeedegung, d'Agrarpolitik an d'Fërderung vun de Regiounen.

Den EU-Budget gëtt gréisstendeels iwwer d'Contributioune vun de Memberstaaten op Basis vun hirem Bruttonationalakommes finanzéiert. Däitschland ass dobäi de gréisste Contributeur.

Friedrich Merz: “Wir sind nicht geizig”

De Merz betount, datt déi sechs Staaten zesummen ongeféier 40 Prozent vum EU-Budget finanzéieren.

„Wir sind sozusagen die Gruppe der großen Beitragszahler in den europäischen Haushalt“

„Wir sind nicht geizig“, esou de Merz. De Virschlag vun der Kommissioun géif awer net méi an déi aktuell Zäit passen.

D'EU-Staaten hoffe bis Enn vun dësem Joer een Accord iwwer den neie Budget ze fannen. Néideg ass d'Zoustëmmung vun alle 27 Memberstaaten.