arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Friedrich Merz: Europa als normativ Alternativ zu Imperialismus an Autokratie

Däitschland

|
headphones

1 min

Friedrich Merz: Europa als normativ Alternativ zu Imperialismus an Autokratie

Europa wier an der Welt eng normativ Alternativ zu Imperialismus an Autokratie. Europa hätt ekonomesch an ideelll senge Partner eppes ze bidden. Dat sot den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz um Donneschdeg de Moien a senger Regierungserklärung zur Aussepolitik.

headphones

1 min

Däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz (CDU) | © EPA/OLIVIER MATTHYS
Däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz (CDU) (Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

Europa misst sech stäerke fir och an Zukunft kënnen ze bestoen, esou de Friedrich Merz. 

"Wir sehen seit einigen Wochen immer deutlicher, dass sich eine Welt der Grossmächte herauszubilden beginnt. In dieser Welt weht ein rauer Wind, und den werden wir auf absehbare Zeit zu spüren bekommen."

Et géife sech awer och nei Chancen duerch déi Verännerungen erginn, esou den däitsche Bundeskanzler. 

"Neue Chancen für unser Land, aber auch und vor allem neue Chancen für uns in Europa."

Seng Sécherheet misst Europa elo selwer an d'Hand huelen. Ofhängegkeete vun den USA missten ofgebaut ginn. Dofir misst Europa geeenegt optrieden. 

Konkret Mesuren huet de Merz iwwerdeems net genannt. Och eng europäesch nuklear Ofwier, wéi se de franséische President, méi laang scho fuerdert, huet de Friedrich Merz net ernimmt.