D‘EU-Baussegrenze géif elo besser geschützt ginn an d‘Zuelen un illegale Grenziwwerschrëtt wieren och däitlech zeréckgaangen, huet hien der däitscher Presseagence dpa géintiwwer weider als Grond dofir genannt.
D‘Grenzschutzautoritéit Frontex hätt gewisen, datt an der éischter Hallschent vun dësem Joer ongeféier een Drëttel manner Leit irregulär iwwer déi europäesch Baussegrenze komm wieren.
Däitschland mécht zënter 2024 Kontrollen u senge Grenzen – an huet dës Ausnamereegelung schonn e puer Mol verlängert. Dat allkéiers mam Argument vun der irregulärer Migratioun.