Um Bord vum G20-Sommet zu Johannesburg huet de Friedrich Merz seng Onzefriddenheet mat Deeler vum amerikanesche Plang fir d’Ukrain geäussert. An deem Plang heescht et ënner anerem, datt 100 Milliarden Dollar russescht Verméigen, wat an Europa beschlagnaamt gouf, fir den Neesopbau misst an d’Ukrain fléissen - allerdéngs geréiert vun enger russesch-amerikanescher Investitiounsplattform.
"Das ist nicht akzeptabel und deswegen sitzen die Europäer ja mit am Tisch, hier sind ja Teile dieses 28-Punkteplans, Teile die ganz sicher nicht ohne unsere Zustimmung umsetzbar sind."
Dat sot de Friedrich Merz am Interview mat der ARD. Déi agefruere russesch Sue sollen, dat steet den Ament am Raum, a Form vun engem Prêt un d’Ukrain goen. Domat hätten d’Amerikaner esou direkt näischt ze dinn, seet de Friedrich Merz.
"Wenn dieses Darlehen gegeben wird, wird es von der EU gegeben und dann wird es der Ukraine gegeben um damit weiter Waffen kaufen zu können. Das ist aber nichts, was die Amerikaner unmittelbar betrifft, deswegen können die Amerikaner auch über diesen Betrag nicht verfügen und die Forderung nochmal 100 Milliarden aus Europa draufzulegen ist auch nichts, was aus unserer Sicht zustimmungsfähig ist."
Zu Johannesburg sot den däitsche Bundeskanzler de Krich an der Ukrain wier, och bal véier Joer nodeems en ugefaangen hätt, eng geféierlech Situatioun fir déi gesamt politesch Uerdnung an Europa. Déi hybrid Attacken op europäesch Datennetzer a Sabotageattacken op europäesch Infrastruktur aus de leschte Woche géifen eendeiteg eng russesch Handschrëft droen.