Radioen

On air

Kultur um 5  |  “Superhero Pose” virun all Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ LSAP iwwerzeegt, datt dat neit Gesetz net verfassungskonform ass

Heescheverbuet

LSAP iwwerzeegt, datt dat neit Gesetz net verfassungskonform ass

D’LSAP Fraktiounscheffin Taina Bofferding kann dem neien Inneminister Léon Gloden seng Interpretatioun iwwert d’Stater Heescheverbuet juristesch sou wéi och ethesch net gutt heeschen. Onkloer bleift, wie konkret an der Praxis mat dësem neien Heescheverbuet viséiert ass.

auto_stories

2 min

D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, wéi och den neien Inneminister Léon Gloden hätte gëschter an der Chamberkommissioun präziséiert, datt een nëmme géint déi aggressiv Mendicitéit virgoe wéilt. Dat geet awer aus dem Text vun dem neie Policereglement net kloer ervir, do geet nämlech vun “toute autre forme” vu Mendicitéit rieds. 

Ausserdeem ass sech d’LSAP sécher, datt dat neit Gesetz net konform mat der Verfassung ass. Dem Artikel 37 no ass nämlech all Aschränkung vu perséinlecher Fräiheet verbueden.

 “Ech perséinlech fannen et speziell, wa viru sechs Méint juristesch Elementer gegollt hunn a sechs Méint duerno op eemol net méi solle gëllen. A wann een och de Bréif vum Minister kuckt, wou hie säi Revirement erkläert, datt hien do ganz oft “je” schreift. Seng Interpretatioun. Ech hunn als deemoleg Ministesch zwar d’Decisioun huelen, mee ech hu mech awer op déi Fakte baséiert, déi meng Juristen ausgeschafft hunn a wou d’Experten sech domat befaasst hunn."

Lauschterenplay_arrow

Trotz dëse juristeschen Onstëmmegkeete kéint den Text vu muer un esou applizéiert ginn. D’LSAP wéilt elo d’cellule scientifique vun der Chamber saiséieren, fir ze iwwerpréiwen, wéi déi nei Dispositiounen ugefecht ka ginn.