Dat muss beispillsweis bei enger Assurance oder engem Prêt gemaach ginn.
Dacks wiere fréier Patienten hautdesdaags hei nach benodeelegt a misste méi héich Primme bezuelen, obwuel si nees gesond sinn, esou den Auteur vun der Gesetzespropos, den LSAP-Deputéierte Claude Haagen.
Bis elo gëtt et zwar schonn eng Konventioun mat dem Assuranceverband ACA, déi baséiert awer op Fräiwëllegkeet. Mat der Gesetzespropos soll den Droit à l’oubli ee Recht fir déi Betraffen an domat eng Obligatioun fir d’Assurancë ginn, fuerdert d’LSAP nach.
Geheelt Mënsche sollen déi nämlecht Rechter hu wéi Gesonder
D’Gesetz soll nieft dem Kriibs och aner Krankheete mat abezéien, wéi HIV oder Hepatite C. Hei soll eng Referenzlëscht reegelméisseg vun engem Comité de suivi ugepasst ginn, esou de Claude Haagen.
"Déi Grille de référence gëtt determinéiert iwwer Règlement grand-ducal. Déi gëtt proposéiert vun engem Comité de suivi, wou sämtlech Entitéiten, déi mat deem Projet de loi oder Proposition de loi ze dinn hunn an am Assurancësecteur täteg sinn, och mat vertruede sinn. Dat geet iwwer de Staat, iwwer d'Assurancëgesellschaften, iwwer d'Santé, iwwer d'Protection des consommateurs an esou weider, deelweis, wéi se haut och besteet."
Dat Wichtegst wier, Mënschen, déi vu schlëmme Krankheete geheelt wieren, och als gesond Mënschen ze betruechten, déi dann och déi nämmlecht Rechter hunn, esou nach den LSAP-Deputéierten.
D’Gesetzespropos soll als nächst an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert ginn.