An der Lescht gëtt vu ville Säiten ëmmer nees betount, wéi gutt de Lëtzebuerger Gesondheetssystem a wéi héich qualitativ de Lëtzebuerger Rettungsdéngscht wier. Mee dobäi ginn et nach e ganze Koup Baustellen am Rettungsdéngscht. Et ginn net genuch Beruffspompjeeën an de Gros funktionéiert op fräiwëlleger Basis.
Vill oppe Baustellen - Eng Fro vu Prioritéiten
Do gëtt schonn zënter Joren iwwer eng besser Remuneratioun vun de Fräiwëllegen diskutéiert - ouni Resultat. Och vum SAP 3 (enger méi laanger a méi intensiver Ausbildung fir d'Ambulancieren) huet een zënter der Covid-Pandemie net méi vill héieren. D'Kompetenzen an d'Attributioune vun den Ambulanciere sti scho laang an der Diskussioun. Alles Punkten, déi zënter Jore stagnéieren an deem sech misst ugeholl ginn.
Mee de CGDIS huet et virun e puer Woche fir méi wichteg empfonnt un eng Schrauf dréien ze goen, wou den Ament keen akute Problem besteet: De SAMU. Ee vun deene wéinege Beräicher am Gesondheetssystem, an deem et keng Penurie gëtt, an deen zënter 40 Joer gutt funktionéiert.
Dem CGDIS seng Verantwortung
An d’Approche vum CGDIS-Verwaltungsrot war zimmlech ontransparent. Hanner zouenen Diere wollt den CA een neie Referentiel stëmmen, mat deem och aner Spezialisatiounen - wéi zum Beispill d'Urgentisten - d'Méiglechkeet kréiche fir kënne SAMU ze fueren.
Dommerweis fir de CGDIS goufen déi Pläng virum Vott geleakt an d'Rechnung hat de CGDIS wuel ouni de Géigewand vun den Anästhesiste gemaach.
Déi hunn doropshi massiv mobiliséiert a wiere sech elo ëffentlech dogéint, datt déi aktuell Besatzung vun engem Anästhesist an engem Infirmier anésthesiste a Fro gestallt gëtt. Mee elo huet sech den interne CGDIS-Referentiel an een Debat publique verwandelt an deem permanent Ausso géint Ausso steet.
Belaascht esou ee Fachsträit d'Vertrauen an de Rettungsdéngscht?
Kann en Urgentist um Terrain genee esou gutt intubéiere wéi een Anästhesist? Geet et den Dokteren nëmmen ëm d'Suen? Oder wëllen d'Anästhesisten de Kuch net deelen? A schlussendlech stellt sech jo dobausse bei de Biergerinnen a Bierger nëmmen nach eng Fro: Ginn ech anstänneg versuergt, wann ech a Liewensgefor sinn an den 112 uruffen?
An et gi gutt Argumentatioune vu béide Säiten. Mee vläicht dierft een d'Diskussioun net nëmmen als Schwaarz a Wäiss ugesinn a sech net nëmmen d'Fro stellen, ob och Urgentiste sollte SAMU fuere kënnen, mee éischter: kann een de SAMU systeemesch verbesseren?
Eng Decisioun op Fakten
Dofir bräicht et awer genuch Donnéeën a Statistiken. A wéi vill Fäll vun den Asätz ass wierklech e Binom Anästhesist-Infirmier anesthesiste néideg? Wéi dacks fiert de SAMU eraus a gëtt net gebraucht? Wann een d'Attributioune vun den Ambulanciere géif eropsetzen, géif nach manner e SAMU gebraucht ginn.
Mee virun allem dierft een esou eng Decisioun net einfach mol esou (op Demande vun e puer Urgentisten) huelen, ouni d'Ëmstänn ronderëm anstänneg ënnersicht ze hunn. Eréischt no der Mobilisatioun vun den Anästhesisten huet de Verwaltungsrot vum CGDIS sech dozou entscheet, Avise vun de verschiddene Beruffsgruppen ze froen.
Esou eng Decisioun misst - wéi een et schonn an der Schoul geléiert huet - evidence-based sinn. Dat soll elo zum Gléck geschéien, mee et gouf an de leschte Woche vill Porzeläin zerschloen.
Patientewuel am Vierdergrond
Um Enn vum Dag dierft et nämlech net drëm goen, wie wéi vill vum Kuch kritt, mee wéi een déi héchstméiglechst Qualitéit an der Patienteversuergung kritt, an zwar transparent an a Consideratioun vun alle Bedeelegten.